Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Blaue Augen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fakte ginn ëmmer méi a Fro gestallt

Riicht Eraus

Fakte ginn ëmmer méi a Fro gestallt

Am Zäitalter vum Informatiounsiwwerfloss an der Desinformatioun géif et ee Gruef ginn tëschent Fakten an Zuelen, an der subjektiver Perceptioun dovunner. De STATEC Direkter Serge Allegrezza mengt, ëmmer méi Leit géifen och den objektiven Zuelen net méi gleewen.

auto_stories

6 min

De Serge Allegrezza ass Direkter vum STATEC. Foto: Archiv

Ee vun de beschte Beispiller weltwäit wier d'Migratioun. "Wann een d'Leit freet, wéi vill Migranten hutt Dir an Ärem Land, kritt ee vun de Leit eng Äntwert, déi op d'mannst zwee- bis dräi Mol esou héich ass, wéi dat, wat d'Statistik effektiv ermëttelt huet."

Fir als Statistiker dogéint unzekommen, dat wier en ongläiche Kampf. D'Statistiker a Wëssenschaftler géife mat objektiven (a vläicht manner passionanten) Zuele schaffen, an déi aner Säit mat Gefiller a Phantasmen.

Klimawandel: Zouverlässeg Indicateuren

De STATEC wëllt sech an Zukunft méi intensiv mam Klimawandel beschäftegen an hat am Oktober eng Etüd iwwer de Klimawandel zu Lëtzebuerg publizéiert.

Et wier evident, sou de Serge Allegrezza, datt d'Argumenter vu Klimaskeptiker net op Fakte géife baséieren. De Klimawandel wier awer e Beräich, an deem international Fakten erstallt gi wieren. Op Initiativ vun der UNO huet dofir och de STATEC zu Lëtzebuerg 25 Indicateuren erstallt, fir de Klimawandel hei am Land ze suivéieren.

Et wier eng éischt Etüd, an et misst weider un deem Sujet geschafft ginn. Eng iwwerraschend Conclusioun vun där STATEC-Etüd wier dem Serge Allegrezza no awer, datt d'Ausstéiss vun Zäregase vis-a-vis der Populatioun oder dem PIB am Gaang wieren erofzegoen. Allerdéngs wier do den Tanktourismus net mat aberechent.

Budget 2020: Sputt fir Steierreform?

De President vum CNFP (Conseil National des Finances Publiques) Romain Bausch hat rezent eng méiglech finanziell Marge vu 500 bis 600 Milliounen Euro genannt, fir d'Steierreform an aner Mesuren.

De Serge Allegrezza huet kee konkrete Chiffer genannt. Hie sot awer, de STATEC géif domat rechen, datt de Staat dëst Joer vill méi e grousse finanziellen Iwwerschoss wäert hunn, wéi bis elo ugeholl. Et géif sech bei deem Iwwerschoss ëm ee Montant handele vu bal dräi Prozent vum PIB; de PIB wier ongeféier 60 Milliarden Euro. Dat géif eng Iddi gi vun der Gréisstenuerdnung fir finanzielle Sputt.

Lëtzebuerg misst awer vum nächste Joer un och 0,5 Prozent strukturellen Iwwerschoss opweisen, ënner anerem wéinst dem Finanzement vum Sozialstaat.

De Serge Allegrezza ass der Meenung, datt et besser wier, wann de Staat méi Emprunten, also méi Scholde maache géif. An Zäite vun negativen Zënse géif ee Sue praktesch "fir näischt" geléint kréien. Nei Emprunte géifen déi néideg Marge de manoeuvre erlaben, fir d'Steierreform an aner Investissementer ze finanzéieren.

PIB: Kee gudden Indicateur fir Lëtzebuerg

Wat déi heefeg Korrekture vum PIB zu Lëtzebuerg betrëfft, sot de Serge Allegrezza, déi grouss multinational Gruppen hei am Land géifen ongeféier d'Hallschent vum PIB ausmaachen. Wann esou e Grupp Aktivitéiten an aner Länner verlagert, kéint dat ee staarken negativen Impakt op de Lëtzebuerger PIB hunn, sou wéi am Joer 2017 zum Beispill.

De STATEC kéint sou PIB-Korrekturen, déi net konjunkturell, mee Eenzelfäll sinn, den Ament awer net virausgesinn. Dowéinst wier beim STATEC en neie Service geschafe ginn (large cases unit oder unité des grands comptes), fir d'Aktivitéite vun de multinationale Gruppen zu Lëtzebuerg méi genee ze suivéieren.

Revenu National: "D'Geld hei um Territoire"

Lëtzebuerg wier net dat eenzegt Land, wou de PIB wéinst Aktivitéite vu internationale Konzerner, staark schwankt. Och Dänemark an Irland hätten dee Problem. Grouss Länner, wéi Frankräich an Däitschland awer net.

Fir Lëtzebuerg wier et, dem Serge Allegrezza no besser, et géif ee fir d'Wirtschaftsleeschtung a Croissance de Revenu national kucken. Dat wier, graff gesot, "d'Geld hei um Territoire", an domat kéint ee besser schaffen. Där Meenung wier och de Conseil économique et social an engem Avis.

Egal wéi kéim Lëtzebuerg awer net laanscht de PIB. Et wier eng europäesch reglementaresch Flicht, deen ze berechnen. Vum PIB hänken och ënner anerem d'Verteidegungsausgaben an d'Entwécklungshëllef of.

Patentboxen: Explosioun vum PIB

En anere Problem sinn déi sougenannte Patentboxen. Dat si Patent- a Lizenzrechter vu grousse Betriber, déi si hei (och aus Steiergrënn) domiciliéieren.

Fir d'Notze vun de Rechter iwwerweisen d'Duechtergesellschafte grouss Zommen un déi Lëtzebuerger Entitéit. Bis elo gëtt just een Deel vun dësem Chiffre d'affaires als Valeur ajoutée fir d'Berechnung vum PIB consideréiert. Eng méiglech Eurostat-Ännerung vun deene Reegele kéint dozou féieren, datt de Lëtzebuerger PIB explodéiert, sou de STATEC, an zwar ëm 15 Prozent.

Doduerch kéinten och d'Indicateure klammen, déi mam PIB verbonne sinn (wéi d'Verteidegung, d'Recherche an d'Entwécklungshëllef), an da misst Lëtzebuerg méi an d'europäesch Keess bezuelen.

Bis elo hätt Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht, Eurostat ze iwwerzeegen, datt et "keng gutt Iddi" wier, déi Reegelen ze änneren. Mee Lëtzebuerg kéint do net selwer decidéieren, sou de Serge Allegrezza.

PIB du Bien-être: Neie statistesche Modell fir qualitative Wuesstum

De Bien-être, oder d'Wuelbefannen, wier schwéier statistesch ze erfaassen. En éischte Projet fir esou ee PIB du Bien-être (als Complement zum PIB), huet 63 Indicateuren ausgeschafft. Mee dee Modell wier schwéierfälleg, sou de Serge Allegrezza.

Fir der Regierung hire Wonsch (am Regierungsprogramm) ze erfëllen, datt e PIB du Bien-être konkret kéint applizéiert ginn, fir de Wuelstand oder e "qualitative Wuesstum" ze moossen, géif de STATEC un engem neien, méi einfache Modell schaffen.

Dësen neie Modell wéilt de STATEC ufangs vum nächste Joer virstellen. Am Januar soll an der Chamber eng Debatt iwwer de Wuesstum an de Bien-être sinn. An am Mäerz huet e STATEC en internationale Colloque zu deene Sujeten organiséiert.

Aarmutsrisiko: Schéier tëschent Aarm a Räich klëmmt

D'Ongläichheeten tëschent deenen, déi méi, an deenen, déi manner Revenu hunn, géifen net just zu Lëtzebuerg, mee och an aneren europäesche Länner zouhuelen. Dat weist dem Statec säi Rapport 2019 iwwer d'Aarbecht an d'sozial Kohesioun.

De Serge Allegrezza sot awer, d'Gesellschaft zu Lëtzebuerg wier nach net an engem Stadium ukomm, wou se komplett polariséiert wier. Hie baséiert déi Analys um Taux vum Aarmutsrisiko, deen 2018 bei héijen 18,3 Prozent méi oder wéineger stagnéiert huet.

Eng weider Statistik géif do nämlech weisen, vun deene Leit, déi ënner den Aarmutsrisiko falen, géifen der no véier Joer just nach fënnef Prozent an deem Stadion bleiwen.

D'Leit, déi an den Aarmutsrisiko rëtschen, géifen deemno zu Lëtzebuerg nees relativ séier erauskommen. "Et bleiwen also fënnef Prozent vun de Leit persistent aarm", sou nach den Direkter vum STATEC.