Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Becca Mancari - Over And Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Familljeministère decidéiert demnächst iwwer Néierloossung vun Orpéa

Altersheemer

Familljeministère decidéiert demnächst iwwer Néierloossung vun Orpéa

De franséische Grupp Orpéa wëllt deemnächst zu Märel säin éischt Altersheem zu Lëtzebuerg opmaachen. Virun e puer Woche gouf iwwert d'Néierloossung debattéiert, nodeems de Journalist Victor Castanet d'Mëssstänn an de privaten Altersheemer vum franséische Grupp opgedeckt huet. D'Familljeministesch Corinne Cahen huet d'Enquête Les Fossoyeurs eegenen Aussoen no gelies, mee hält en änlecht Desaster zu Lëtzebuerg fir onwarscheinlech.

auto_stories

3 min

An der Enquête Les Fossoyeurs beschreift de Journalist Victor Castanet unhand vun 250 Temoignagen, wéi d'Luxus-Altersheemer vun Orpéa hier Clientë maltraitéieren. Obwuel en Zëmmer bis zu 12.000 Euro de Mount kascht, gëtt beim Iessen a bei der Hygiène gespuert. D'Bewunner kruten zum Beispill maximal dräi Wëndelen den Dag - bei enger Gastro-Entérite gouf een a sengen Exkrementer leie gelooss. Vill Zeie beschreiwen am Buch de Gestank an de Gäng, dee méi schlëmm wier, wéi an den ëffentlechen Heemer. De Phenomeen limitéiert sech net nëmmen op Frankräich, erkläert de Journalist Victor Castanet.

Et gouf och Drock op d'Salariée gemaach

Mee net nëmmen d'Bewunner géifen onmënschlech behandelt ginn, och d'Salariéë kréiche vun Orpéa Drock gemaach. Fazit: Lëtzebuerg sollt oppassen, wann de Grupp versicht sech am Land néierzeloossen, seet de Journalist:

"Pour un pays qui va bientôt accueillir un établissement du groupe Orpéa, il faut être vigilent sur ses politiques de réduction des couts, de rationnement et aussi fondamentalement sur les conditions de travail."

A Frankräich hätten d'Kontrolle versot

Orpéa ass de gréisste franséische Grupp vu privaten Altersheemer. D'Direktioun muss e strenge Spuerplang anhalen, fir de Profit ze maximiséieren. D'Enquête beschreift ausserdeem, wéi déi staatlech Kontrolle versot hunn.

"J'ai pu voir que les contrôles étaient défaillants. Déjà ils étaient très rares et les autorités de contrôles prévenaient le groupe trois semaines à un mois avant le contrôle. Ce qui me rapportent des cadres dirigeants qui ont mis en place ce système."

Orpéa gouf 2011 zu Lëtzebuerg ofgewisen

D'Familljeministesch Corinne Cahen mengt, datt en änlecht Desaster zu Lëtzebuerg ze evitéiere wier, vu datt d'Altersheemer och ouni Ukënnegung kontrolléiert ginn. Den Investigateur Victor Castanet hält déi Astellung fir naiv. Hien erkläert iwwerdeems, datt Orpéa zanter iwwert zéng Joer versicht, sech op Grond vun der héijer Nofro u Luxus-Altersheemer zu Lëtzebuerg néierzeloossen.

Den Dokter Patrick Métais huet bis 2011 mat diverse Politiker d'Néierloossung vun Orpéa am Land negociéiert - ouni Succès. D'Familljeministesch Marie-Josée Jacobs, CSV, an och Acteuren aus dem Gesondheetswiesen hätten de Projet deemools ferm ofgeleent, erkläert eis de Patrick Métais.

"Si ça aurait été qu'un travail politique, ça aurait été nettement plus simple. Le point clé c'est qu'au Luxembourg, c'est nettement plus compliqué que ça. Il faut arriver à un accord concerté et un consensus au niveau non seulement du ministère de la famille, mais des autorités locales et en particulier de Luxembourg ville, des autorités médicales et en particulier la clinique du Kirchberg, l'hôpital du Luxembourg."

De Familljeministère huet den Dossier vum Orpéa-Altersheem zu Märel elo um Dësch leien. D'Evaluatioun ass nach net fäerdeg, mee d'Decisioun soll an e puer Woche geholl ginn. D'Ministesch Corinne Cahen verséchert awer, datt d'Propos vun Orpeá onofhängeg vum Victor Castanet senger Enquête wäert evaluéiert ginn. Falls den Dossier approuvéiert gëtt, kann de Ministère bis zu 70 Prozent vum Gebai finanzéieren.

An der Suite vun de Revelatioune vum Victor Castanet hat de Generaldirekter vun Orpéa Yves Le Masne demissionéiert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.