Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Familljeministerin reagéiert op OECD-Rapport

Reaktioun op Covid

Familljeministerin reagéiert op OECD-Rapport

Déi eeler Leit sinn zu Lëtzebuerg an hire Strukture bliwwen a sinn am Géigesaz zum Ausland net sou dacks a Spideeler transferéiert, sou erkläert d'Familljeministerin Corinne Cahen déi relativ héich Mortalitéit an den Alters-a Fleegeheemer.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat wier och esou am OECD Rapport notéiert ginn. Et kéim nach en zweeten Aspekt dobäi, sou d'Corinne Cahen. Eeler Leit géifen zu Lëtzebuerg vill méi laang doheem betreit ginn, wéi an anere Länner, sou d'Familljeminsiterin.


D'Corinne Cahen lauschterenplay_arrow


"Doduerch, datt eis Reseaue sou gutt entwéckelt sinn an d'Leit doheem kënne betreit ginn, ginn d'Leit bei eis vill mi spéit eréischt an eng Struktur wéi an den aner Länner. Dat ass den éischte Constat dee si maachen am Rapport, sou datt bei eis d'Leit natierlech vill méi vulnerabel sinn, wann se bis an eng Struktur fir eeler Leit ginn."