Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Baby Rose & BADBADNOTGOOD - One Last Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fapsylux fuerdert d'CNS op fir d'Verhandlungen erëm opzehuelen

Remboursement vun der Psychotherapie

Fapsylux fuerdert d'CNS op fir d'Verhandlungen erëm opzehuelen

D'Federatioun vun de Psychotherapeuten, Fapsylux, hofft datt d'Verhandlunge mat der Gesondheetskeess iwwer de Remboursement vun der Psychotherapie séier erëm ukommen. De Besoin fir Prise en chargë bei engem Psychotherapeut wier aktuell grouss, grad dowéinst wier et wichteg een Auswee ze fannen. D'Negociatiounen, déi schonn zanter Joren undaueren, leien de Moment op Äis.

auto_stories

1 min

Datt d'Seancë beim Psychotherapeut sollen zréckbezuelt ginn fuerdert d'Fapyslux scho laang, d'Verhandlunge lafen zanter 2018. E puer Konflikter méi spéit, sëtze béid Säiten zanter ugangs des Joers erëm un un engem Dësch. Mee do gouf d'Fapyslux iwwerrascht, sou hir Presidentin Delphine Prüm.

Fënnef Haaptfuerderungen huet d'Fapsylux, déi all op een Haaptzil histeieren: méiglechst vill Fräiheet fir all Assuréen, fir den Accès op d'Psychotherapie a fir den Therapeut, notamment fir seng eegen Diagnos ze stellen, ouni op de Kontakt mat Medezinner ze verzichten. An dovu wëllt d'Fapsylux net fort. Firwat gouf de Réckgang bei der CNS ageluecht? Vun der Gesondheetskeess krute mir bis elo kee Statement.

Ech denken datt d'CNS well e puer Saachen ënnert een hutt setzen an hätt gär datt ganz séier eppes op d'Bee gestallt gëtt fir déi Leit déi elo eng Souffrance hunn a soss kee Problem hunn."

De Besoin fir eng Behandlung bei Psychotherapeute wier aktuell effektiv grouss, betount och d'Delphine Prüm. D'Fapyslux wënscht sech awer eng méi inklusiv Léisung a verdeedegt hir Fuerderungen. Hir Diere géifen elo opstoen heescht et vun der Fapsylux, et hofft een op ee Schrëtt vun der CNS.