Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FCK LXB

Fräie Mikro

FCK LXB

D'Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg, aus enger historescher Perspektiv gekuckt. Den Denis Scuto geet op de Prozess géint den Turnup Tun a säi Lidd "FCK LXB" an an hien traitéiert eng Rei méi oder manner rezent Beispiller aus eisen Nopeschlänner.

auto_stories

8 min

Denis Scuto

2015 hat d'Commission consultative des droits de l'homme du Grand-Duché de Luxembourg an hirem Aktivitéitsbericht innovéiert, andeems se virum eigentleche Bericht, an engem éischten Deel, Hannergrondartikel zur Fro vun de Mënscherechter publizéiert huet. An engem éischte Bäitrag huet de Jurist Marc Limpach sech mat der Fro vun der Ausdrocksfräiheet, der "liberté d'expression", befaasst.

No enger historescher Aleedung mat enger laanger Lëscht vun all deenen Denker, Schrëftsteller a Kënschtler, déi Affer vun der staatlecher Repressioun goufen, vum Sokrates iwwer den Ovid bis zu Corneille, Molière an Olympede Gouges, stellt de Marc Limpach fest, datt d'Liberté d'expression, mee och d'Liberté artistique an d'Pressefräiheet haut a Gefor sinn. Si goufe souguer d'Zilscheif vun terroristeschen Attacken, de 7. Januar 2015, mam Attentat géint d'Journalisten a Journalistinne vu Charlie Hebdo.

Dës Rechter ginn zu Lëtzebuerg haaptsächlech garantéiert duerch dräi Texter: d'europäesch Mënscherechtskonventioun vun 1950, d'Charta vun de Grondrechter vun der Europäescher Unioun vun 2000 an d'Lëtzebuerger Verfassung.

D'Meenungsfräiheet gëlt fir jiddwereen

Schonn déi éischt Lëtzebuerger Verfassung vun 1848, déi d'demokratesch Iddie vun der Revolutioun vun 1848 ëmsetzt an déi sech inspiréiert un der franséischer Mënscherechtsdeklaratioun vun 1789 an der belscher Constitutioun vun 1831, ass ganz kloer: "La liberté de manifester ses opinions par la parole en toutes matières, et la liberté de la presse sont garanties, sauf la répression des délits commis à l'occasion de l'exercice de ces libertés. - La censure ne pourra jamais être établie."

Dëst Recht fanne mir natierlech erëm an der europäescher Mënscherechtskonventioun vun 1950. Consolidéiert gouf et zanterhier duerch d'europäescht Geriicht fir Mënscherechter vu Stroossbuerg, dat ë. a. 1976 präziséiert huet: " La liberté d'expression (...) vaut non seulement pour les informations ou les idées accueillies avec faveur, ou considérées comme inoffensives ou indifférentes, mais aussi pour celles qui heurtent, choquent ou inquiètent l'État ou une fraction quelconque de la population. Ainsi le veulent le pluralisme, la tolérance et l'esprit d'ouverture sans lesquels il n'y a pas de société démocratique." Dat war 1976 an der Affär Handyside géint de britesche Staat, dee wollt, am Numm vun der Moral, d'Publikatioun vun engem Buch iwwer Sexualerzéiung verhënneren an deen Onrecht krut zu Stroossbuerg.

De Fall Otto Mühl

A sengem Artikel vun 2015 weist de Marc Limpach, datt dat selwecht Geriicht no 2000 drop gehalen huet, grad déi artistesch Fräiheet ze beschützen, well z. B. e satirescht Wierk "constitue une forme d'expression artistique et de commentaire social qui, de par l'exagération et la déformation de la réalité qui la caractérisent, vise naturellement à provoquer et agiter" et "il faut examiner avec une attention toute particulière toute ingérence dans le droit d'un artiste à s'exprimer par ce biais". Dat war d'Conclusioun aus der Affär Vereinigung bildender Künste géint Éisträich. Dës Kënschtlergrupp hat 1998 en Tableau vum Otto Mühl ausgestallt mam Titel "Apokalypse", am Kader vun der Ausstellung "Das Jahrhundert der künstlerischen Freiheit". E Collage vu 4,50 op 3,60 Meter, wou ee Perséinlechkeete wéi d'Mutter Teresa, de Kardinal Hermann Groer, an de fréiere Chef vun der FPÖ, Jörg Haider, an de fréiere Generalsekretär, Walter Meischberger, a sexuelle Positioune gesäit. Déi selwecht FPÖ, déi dem Otto Mühl säi Wierk ëmmer staark kritiséiert hunn. D'Stroossbuerger Geriicht decidéiert, datt d'éisträichesch Geriichter, wéi se verbueden hunn deen Tableau weider ze exposéieren (e sollt iwwregens och zu Lëtzebuerg gewise ginn) géint den Art. 10 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun verstouss hunn, dee seet: "Toute personne a droit à la liberté d'expression. Ce droit comprend la liberté d'opinion et la liberté de recevoir ou de communiquer des informations ou des idées sans qu'il puisse y avoir ingérence d'autorités publiques et sans considération de frontière."

De Fall Jan Bömermann

Déi bekanntste rezent Affär ass d'Causa Böhmermann. An enger ZDF-Sendung vum 31. Mäerz 2016 hat de Satiriker Jan Böhmermann e Gedicht mam Titel "Schmähkritik" virgedroen. Doranner gouf den türkesche Staatschef Erdogan ë. a. als "sackdoof, feige und verklemmt " bezeechent, als Mann, dee Meedercher schléit an am léifste Geesse géif fécken. Opgrond vun engem Paragraph aus engem Joerhonnert, wou Däitschland selwer nach en autoritäre Staat war, deen d'Beleidegung vun Organer a Vertrieder vun auslännesche Staaten bestrooft huet, gouf dem Böhmermann de Prozess gemaach. D'Verfahre gouf awer no e puer Méint agestallt, well eng Karikatur oder eng Satir keng Beleidegung wier, op d'mannst net esou laang wéi "die Überzeichnung menschlicher Schwächen [keine] ernsthafte Herabwürdigung der Person " géif enthalen. Den 1. Juni 2017 huet de Bundestag beschloss, dee Paragraph aus dem 19. Joerhonnert ofzeschafen. De 5. Abrëll 2019 ass de Böhmermann souguer geriichtlech géint d'Kanzlerin Angela Merkel virgaangen, déi seng Satir als "bewosst verletzend" bezeechent a seng Strofverfolgung zougelooss hat. Seng Klo ass awer ofgewise ginn.

An d'Verfassung aschreiwen

Fir der Specificitéit vun der Ausdrocksfräiheet an der Konscht an der Protektioun, déi se mëttlerweil an der europäescher Jurisprudenz genéisst, Rechnung ze droen, fuerdert dofir zu Lëtzebuerg d'Commission consultative des Droits de l'homme zanter 2012, datt dat onbedéngt an d'Revisioun vun der Lëtzebuerger Konstitutioun integréiert misst ginn: "dans un pays multiculturel comme le Luxembourg avec une Université encore jeune, la Constitution devrait souligner plus explicitement la liberté académique, le droit à l'expression artistique et la promotion de la culture et de la diversité culturelle." Dës Rechter gi souwuel an der däitscher, wéi an der éisträichescher Verfassung extra ernimmt.

Wéinst dem internationalen Trend artistesch Fräiheete besonnesch ze schützen, mee och wéinst der Fragilitéit grad vun Ausdrocks- a Pressefräiheet, sinn ech zanter puer Woche méi wéi erstaunt. Ech ka beim beschte Wëllen net verstoen, firwat de Parquet opgrond vun enger Klo vun den Häre Fred Keup, Dan Schmitz a Joé Thein den Artist a Rapper Tun Tonnar alias Turnup Tun wéinst Beleidegung viru Geriicht zitéiert huet.

Ech betounen direkt Artist, well een déi bedauerlech Impressioun beim Prozess hat, wéi wa Parquet a Riichter nach net matkritt hätten, datt et mëttlerweil zu Lëtzebuerg eng ganz lieweg Rap-Zeen gëtt. Mat Artiste wéi dem Turnup Tun, mee och Skinny J, Bazooka Brooze, Maz, Skibi, Ragga, luk., Bandana, C. M. P., lil star, Dorian, Louvar, fir der eng Rei ze nennen.

E Verglach

Den Turnup Tun stoung viru Geriicht, well hien e Wuert, "Féck", wat an all zweet Rapper-Lidd op der Welt virkënnt, benotzt huet fir a sengen Aen nationalistesch a friemefeindlech Positioune vun den dräi genannte Kläger a vu politesche Gruppéierungen ze karikaturéieren. Den Turnup Tun steet viru Geriicht, obwuel jiddweree weess oder misst wëssen, datt mat "Féck" am Lidd - oder "Féck dech" an der Alldagssprooch vu ville Jonken haut - net e sexuellen Akt gemengt ass.

Als Rappell a Vergläich: E Wiener Geriicht an den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter hunn den Tableau vum Otto Mühl verdeedegt, en Tableau op deem den FPÖ-Politiker Meischberger op d'Mutter Teresa ejakuléiert an dobäi dem Jörg Haider säi Penis am Grapp hält. D'Geriichter hu festgehalen, datt d'Recht vun de Kënschtler op hir kënschtleresch Ausdrocksfräiheet Virrang huet virum perséinlechen Interêt vum Här Meischberger.

Am Lidd "FCK LXB" ("Féck Lëtzebuerg") ginn, am Géigesaz zu engem kënschtleresche Wierk wéi "Apokalypse" oder dem "Schmähgedicht" vum Böhmermann, eben net d'Persounen u sech attackéiert, mee dat firwat se stinn an esou gëtt op artistesch-politesch Stellung geholl géint Rietspopulismus. Heiansdo op eng graff, heiansdo op eng nuancéiert Aart a Weis. Wéi an dësem Passage:

"Féck de Fred Keup a seng ganz Meut
Ass keen hei, dee versteet, dass hie seng
eegen Angscht verbreet?"

Ass dat net dat, wat ee vun engem Rapper kann erwaarden? Datt e frech an direkt an a senger eegener Sprooch d'Angschtmaacherei vu Rietspopuliste wéi dem Fred Keup attackéiert, a punkto Flüchtlingen, a punkto Lëtzebuerger Sprooch, a punkto kulturell Diversitéit. Dobäi stellt de Rapper sech anengems d'Fro, wou déi Angscht hierkënnt.

Et verwonnert ee schonns, oder eben och net, datt de Fred Keup iwwerhaapt als Kläger optaucht, dee selwechte Mann a Politiker dee virum RTL-Mikro dat heite sot: "Mir (de Wee 2050) sti ganz kloer fir Meenungsfräiheet, an et ass fir eis kloer, datt jiddweree seng Meenung soll soen an och kënne soen, och wann se verschiddene Leit net gefält. "

Onnëtze Prozess

Mee datt d'Staatsanwaltschaft en engagéiert Lidd géint Friemenhaass als Beleidegung wëllt ëminterpretéieren, ass fir mech onverständlech.

Dierf een als Rapper de Joe Thein an déi Konservativ net als Clownepartei op d'Schëpp huelen? Dëse jonke Mann, dee schwäermt fir bayreschen an tiroleschen Nationalismusfolklor? Ouni vum Dan Schmitz ze schwätzen, dee scho wéinst Opruff zum Haass veruerteelt gouf. Soll dee Mann an engem Rap iwwer d'Ravagë vun der Intoleranz geschount ginn?

Et ass grad de Gebrauch vum Wuert "Féck" an seng Widderhuelung am Lidd, déi et esou effikass maache fir dat, wat den Artist Turnup Tun wollt bewierken. An zwar provozéieren an esou sech fir säi Lëtzebuerg, dat vum "bonte Fridden", asetzen.

Natierlech kann een dem Turnup Tun seng Ausdrocksweis schockéierend, onmanéierlech, deplacéiert, iwwerdriwwe fannen. Mee et si grad dës Iddien, "celles qui heurtent, choquent ou inquiètent l'État ou une fraction quelconque de la population" déi d'Europäescht Geriicht fir Mënscherechter als genee sou schützenswäert ugesäit, wéi déi Iddien, déi jiddweree begréisst, an déi een net virun de Kapp stoussen. D'Geriicht rechtfäerdegt dat esou, wéi ech schonn zitéiert hunn: "Ainsi le veulent le pluralisme, la tolérance et l'esprit d'ouverture sans lesquels il n'y a pas de société démocratique."

Amplaz hinnen de Prozess ze maachen, sollt de Lëtzebuerger Staat sech doriwwer feeën, datt jonk Kënschtler wéi den Turnup Tun sech trauen, d'Gesellschaft an deem Sënn mat engem engagéierte Rap ze rëselen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.