Fir de Philippe Mersch ass de Plug-in-Hybrid eng Bréckentechnologie. Zwar wier et net ideal, fir en thermesche Motor mat engem elektreschen ze kombinéieren, ënner anerem wéinst dem zousätzleche Gewiicht, mee dat Konzept hätt fir den Autofuerer och Virdeeler. En hätt déi néideg Autonomie fir méi wäit ze fueren an e kéint d'Gefier am Alldag emissiounsfräi fueren.
"Wann ech haut e Plug-in-Hybrid huelen, do ginn et kleng, mëttel a grouss Autoen a Kombien. Bei den elektreschen ass dee Choix jo awer nach e bësse méi reduzéiert. An dofir soe mer dass et e Wee ass dohinner, an et wier schuet deen elo ze bremsen."
De FEDAMO-President weist sech aus engem weidere Grond erstaunt doriwwer, datt den Ëmweltministère verschidde Subsidë fir Hybride wëllt ofschafen: Um europäeschen Niveau géifen déi Motorisatiounen ebe just gefërdert ginn, fir datt d'Constructeuren hir CO2-Ziler erreechen. An dozou géifen déi elektresch Modeller e groussen Deel bäidroen, seet de Philippe Mersch.
Wat de Festival ubelaangt, deen zënter enger Woch leeft, wieren d'Concessionnairen zefridden, sou de Philippe Mersch. Et wieren zwar manner Leit ënnerwee, mee déi, déi kéimen, wiere méi decidéiert ze kafen. Och d'Akzeptanz vun de sanitäre Mesurë bei de Cliente wier "ganz korrekt", sou nach de FEDAMO-President. Den Autofestival 2021 dauert nach bis den 13. Februar.