Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - I'm Thinking Of A Number (Between 1 And 2)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL begréisst d'Mesuren am aktualiséierte PNEC

Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg

FEDIL begréisst d'Mesuren am aktualiséierte PNEC

Den Industrie-Secteur begréisst de Virentworf fir d'Aktualiséierung vum "Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg", wéi en Ufank der Woch vun der Regierung presentéiert gi war. An dësem Plang wier "eng ganz gutt Aarbecht" geleescht ginn, esou am 100,7-Interview de Gaston Trauffler vun der FEDIL. Et wier gutt, datt et doran eng ganz Rei nei Mesurë ginn, fir ze hëllefen den Industriesecteur ze dekarboniséieren.

auto_stories

2 min

De Gaston Trauffler ass responsabel fir d'Industripolitik bei der FEDIL. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


D'Ziler fir d'Industrie wieren an dësem Plang un den identifizéierte CO2-Reduktiouns-Potential ugepasst ginn.

20 nei Mesure betreffen d'Industrie

Vun den am Ganze bal 200 Mesuren am iwwerschaffte PNEC betreffen der 35 den Industrie-Secteur: dorënner wieren iwwer 20 neier, esou de Gaston Trauffler vun der FEDIL.

"Et ass gutt Ziler ze hunn, awer wa keng Mesuren do sinn, fir d'Projeten erbäizekréien, déi dann déi Dekarbonisatioun erméiglechen, wärenddeem een nach kompetitiv bleift, da gëtt et op eemol schwiereg."

Ee Beispill vun enger Mesure wiere geplangten nei Hëllefe fir Entreprisen, déi fir dëse Fäll solle gëllen.

"Wann ech eng Dekarbonisatiouns-Technologie aféieren, déi awer méi deier ass, wéi déi konventionell, ech doduerch awer net méi Produktivitéit hunn, da leeën ech jo do drop. An déi Differenz déi ka combléiert ginn."

Photovoltaik-Installatiounen op den Diecher

D'Industrielle-Federatioun begréisst och d'Mesure, datt vun 2024 un all neit Industrie-Gebai esou soll musse gebaut ginn, datt eng Photovoltaik-Installatioun op den Daach ka kommen.

"Kloer huet dat ee gewësse Käschtepunkt, fir eng Hal méi stabil ze bauen. Mee ech denke ganz vill Betriber hunn et bereit, wa se eng Hal do stoen haten, wou se keng Photovoltaik konnten drop setzen, d'lescht Joer an och dëst Joer, wou d'Energiepräisser esou héich waren."

Mam aktuellen Energie- a Klimaplang hätt d'Zil net kënnen erreecht ginn, fir d'Zäregas-Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent ze reduzéieren, am Verglach mat 2005, esou de Gaston Trauffler. Mat der geplangter Aktualiséierung geséich een dat "vill méi positiv".