Wéi staark déi Lëtzebuerger Industrie-Betriber ënnert den héije Gas- a Stroumpräisser leiden, hänkt vun hiren Akafsstrategien of, esou den Expert vun der FEDIL. Wann eng Entreprise hir Energie kuerzfristeg akeeft, da géif si den Impakt voll spieren. Vu Januar bis Mëtt Februar 2022 louchen d'Elektreschpräisser duerchschnëttlech bei ëm déi 160 Euro d'Megawattstonn; dat wier véier mol méi héich wéi d'Budgeten déi d'Betriber fir Energie virgesinn hätten.
"Dat heescht duerch kuerzfristeg Optimisatiounsmoossname ka kee Betrib déi Präishaussen absorbéieren a laangfristeg hält e Betrib dat nëmme ganz ganz schwéier aus."
Néirens wieren d'Energiepräisser méi staark geklomme wéi an Europa, stellt de Gaston Trauffler vun der FEDIL fest. Dowéinst wier d'Situatioun besonnesch schlëmm fir déi Lëtzebuerger Entreprisen, déi sech géint aussereuropäesch Konkurrente musse behaapten. Dorënner wieren zum Beispill Automobilzouliwwerer zu Lëtzebuerg, déi déi Präisser net kënne viru ginn, mee selwer mussen absorbéieren. Déi Firme géifen awer ënner anerem Produite wéi Glas, Stol, Aluminium a Koffer verschaffen, wat immens energieintensiv wier.
Bei mëttelstännegen Entreprisen, géifen et der ginn, déi Méikäschte vun Honnertdausenden Euro hunn. Bei méi Energieintensive Betriber wier et nach méi, deelweis géifen d'Käschten a Milliounenhéicht leien.