Invité vum Dag FEDIL: "Et muss iwwer eng Upassung vum Index geschwat ginn"

Den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL warnt, et misst een oppassen, datt d'Lounerhéijungen duerch den Index an de nächste Méint net zu "perversen Effekter" féiert.

Rick Mertens / cbi

René Winkin
De René ass Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL

Et misst ee verhënneren, datt nieft den héijen Energiepräisser och nach d'Lounkäschte fir d'Betriber explodéieren, esou de René Winkin am 100,7-Interview.

"Mir mussen och evitéieren, datt mer ee Rhythmus vu Lounkäschte kréien, deen herno dozou féiert, datt nieft enger Präisexplosioun bei verschidde Matière premièren an Energie, och nach eng Präisexplosioun bei de Servicer kënnt."

De FEDIL-Direkter betount hie wéilt den Indexsystem u sech net a Fro stellen. Hien ass awer der Meenung, datt een net dolaanscht kënnt de Mechanismus un déi aktuell Situatioun "unzepassen".

"Et dierf een net vun dem Moment profitéiere fir ze soen: Mir stellen den Index en tant que tel oder mir wëllen en defiguréieren. Well da wësse mer, datt zu Lëtzebuerg weder d'Politik nach d'Sozialpartner bereet wieren an eng Diskussioun ze goen. Ech mengen, datt een awer muss eng Diskussioun féieren, déi der Situatioun gerecht gëtt."

Et wier nach ze fréi fir ze soen, wéi esou eng Upassung kéint ausgesinn, esou de René Winkin. Déi Diskussioun misst d'Regierung zesumme mat de Sozialpartner féieren.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Tanken
Héich Sprit-Präisser

De Romain Hoffmann, President vum Groupement pétrolier, stellt fest, datt een nach ni esou héich Sprit-Präisser gehat hätt. Dëst géif de Moment och op d'Käschte vum Secteur goen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen