Radioen

On air

Trendscheif  |  Joe Goddard & Fiorious - New World (Flow) (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feiert mat den Darwin Day

Fräie Mikro

Feiert mat den Darwin Day

Muer virun 212 Joer gouf den Charles Darwin gebuer. Zanter 1882, d'Joer wou hie gestuerwen ass, si sporadesch, a spéider méi systematesch, Fester organiséiert ginn, fir säi Liewen a säi Wierk ze feieren. Dem Darwin säi Wierken ass effektiv esou bedeitend, datt et derwäert ass fir och zu Lëtzebuerg den Darwin Day ze feieren, fënnt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg

auto_stories

4 min

De Bob Reuter ass President vun AHA. Foto: Archiv

Den 12. Februar 1909 gouf am American Museum of Natural History zu New York den 100. Gebuertsdag vum Charles Darwin an de 50. Anniversaire vun der Publikatioun vu sengem "On the Origin of Species" gefeiert.

Zanterhier hunn divers Organisatiounen den Datum opgegraff, fir dem Darwin säi Liewen a säi Wierke feierlech ze gedenken. Weltwäit fannen och mir Humanist*innen, Atheist*innen an Agnostiker*innen, datt et derwäert ass sech, mindestens ee Mol am Joer drun ze erënneren, wéi genial dem Darwin seng Theorie vun der Evolutioun duerch natierlech a sexuell Selektioun ass.

An dat net just, fir de Kreationisten entgéint ze wierken, mee well seng Evolutiounstheorie wäit iwwer d'Biologie raus eng vun deene gréisste wëssenschaftlechen Theorien ass, a se an extreem ville Beräicher vum mënschlechen Denke wichteg Implicatiounen huet.

D'Welt besser verstoen

Och den Humanismus als Weltuschauung gouf duerch si beräichert, wéi mer et beim Julian Huxley, dem 1. Direkter vun der UNESCO, sengem Begrëff "evolutionären Humanismus" gesinn. Mir verstinn haut besser, wou eis Fäegkeet fir Moral an Eethik hierkënnt, wéi se sech entwéckelt huet, a mir brauchen dofir och keng "iwwernatierlech Instanz" fir zesummen iwwer "Gutt a Béis" nozedenken.

Fir vill Atheist*innen ass dem Darwin säi Wierk och ee vun de Schlësselargumenter fir ze begrënnen, wisou fir si d'Iddi vun engem "Schëpfergott" oder engem "intelligenten Designer" onnéideg, respektiv onwarscheinlech ass. Bis haut gesäit een awer, datt seng Theorie net iwwerall Fouss gefaasst huet an nach ëmmer bekämpft gëtt.

Mir sinn en Deel vum Ganzen

No Joerhonnerten, wou d'Mënschheet sech fir d'Kroun vun der Schëpfung gehalen huet an dunn huet mussen agesinn, datt mir een Deel vun engem Aascht vun engem Ënneraascht vum "Fächer vum Liewen" sinn, gouf dat schonn als "beschämend" empfonnt, mee dat sollt et net, well et eis erlaabt Empathie mat aneren Déieren ze entwéckelen a si respektvoll ze behandelen.

Dëst Besënnen dorobber, datt mir een Deel vum Ganze sinn an datt mir Mënschen, sou verschidde mer och sinn, zu där selwechter Spezies gehéieren, géif eis och hautdesdaags gutt doen an eis rekadréieren.

Mir dierfen awer och feieren, datt mir als Spezies d'Fäegkeet hunn, fir iwwer eis selwer, iwwer d'Liewen an iwwer den Universum nozedenken, an dobäi esou grandios a schéin Theorie rauskommen, wéi dem Darwin seng Evolutiounstheorie oder dem Newton seng Gravitatiounstheorie, déi eis d'Welt an hirer Komplexitéit méi verständlech maachen. A mir sollten eis och weider Froe stellen, weider fuerschen an entdecken, anstatt un alen Dogmen festzehalen. Och dat léiert eis dem Darwin säi Liewen a Wierken.

Huelt Iech e bëssen Zäit

Dofir invitéieren ech Iech all, fir Iech muer um Darwin Day e bëssi Zäit ze huelen, fir Iech mat sengem Liewen a Wierken auserneen ze setzen, Iech bewosst ze maachen, datt mir all een Deel vum Liewen op der Äerd sinn, fir Iech ze freeën iwwer Äert Gléck, datt Dir perséinlech existéiert a fir Iech bewosst ze maachen, wei fantastesch et dach ass, datt mer duerch Wëssenschaft a Fuerschung hautdesdaags villes besser versti wei fréier, an et nach vill ze entdecke gëtt.

Vläicht wier et jo eng Iddi fir zu Lëtzebuerg dësen Dag als offizielle Feierdag anzeféieren. Schuede géif et eis all net, fir wéinstens op engem Dag am Joer d'Wëssenschaften an hir Verdéngschter ze feieren an eis drun ze erënneren, datt mer veraalte Schëpfungsmythen iwwerwanne kënnen.

An deem Sënn, wënschen ech Iech all ee schéinen Darwin Day.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.