Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef Deeg nom État de la Nation - ee Joer no de Wahlen

Riicht eraus

Fënnef Deeg nom État de la Nation - ee Joer no de Wahlen

D'DP-Presidentin geet dovun aus, datt déi zweet Oplag vun der blo-rout-grénger Koalitioun et bis un d'Enn vun der Legislaturperiod packt. "Mir hunn e Kontrakt: de Koalitiounsvertrag", seet d'Corinne Cahen, an doru géif och en eventuelle virzäitegen Depart vum Etienne Schneider aus der Regierung näischt änneren. Souguer wann dann, nom Krankheets-bedéngten Ausfall vum Félix Braz, mam Xavier Bettel just nach ee vun den dräi "Pappe" vun der Dräierkoalitioun géif iwwreg bleiwen.

auto_stories

4 min

Och d'Journalistin Josée Hansen mengt, datt d'Regierung no de rezenten Turbulenzen dat Schlëmmst elo iwwerstanen hätt. "D'CSV hat do wierklech esou eng Fënster gesinn, wou se geduecht huet: Sou, elo kënne mir do de Fouss an d'Dier maachen. Ech mengen, d'Dier ass awer erëm zougaangen", seet déi zukünfteg Chefredaktesch vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land. Et misst ee wuel kucken, wéi d'Geriichter am Dossier Dieschbourg-Traversini tranchéieren, "mee ech mengen net, datt déi Affär dat Ganzt nach zum Wackele bréngt."

Paul Polfer: déi gréng hunn et verpasst, sech op Schlësseldossieren ze konzentréieren

Un där aktueller Kris vun déi gréng wier net just dem Roberto Traversini säi Gaardenhaische Schold, seet den engagéierte Klimaschützer Paul Polfer, deen 2018 op der grénger Zentrumslëscht kandidéiert hat. Seng Partei hätt et laang verpasst, sech inhaltlech op verschiddene Schlësseldossieren ze positionéieren. A Saachen CO2-Steier, Klimaschutzgesetz oder Akzisenerhéijung z. B. hätten déi gréng méi kloer misste maachen, mat wéi enger Positioun si an déi Koalitiouns-intern Verhandlunge géife goen. Et wier wichteg, datt eng Partei en Eegeliewe géif behalen, och wa si hir Positioun dono net integral an der Regierung duerchgesat kréich.

Nicolas Buck: "Dialogéieren a verhandele sinn zwou verschidde Saachen"

D'Zesummesetzung vun der Regierung ass fir den Nicolas Buck, de President vum Patronats-Verband UEL, net entscheedend fir politesch Stabilitéit. Aus der Siicht vun den Entreprisë wier d'Previsibilitéit vun der Politik méi wichteg wéi d'Fro, wéi eng Parteien a Koalitiounen zesummeschaffen. An déi Kontinuitéit an der Wirtschaftspolitik wier bis ewell zu Lëtzebuerg ëmmer garantéiert gewiescht.

De Patron vun de Patrone verdeedegt d'Decisioun vum Patronat, fir net méi u Verhandlungen am Comité permanent du Travail et de l'Emploi (CPTE) deel ze huelen. "Et kann een net vun eis verlaangen, datt mir eis an eng Verhandlung zwénge loossen, vun där mir wëssen, datt d'Resultat dono méi schlecht ass, wéi et virdru fir eis war." Dat wier kee Broch vum Sozialdialog, sou den Nicolas Buck. Natierlech géif d'Patronat Dialog-bereet bleiwen. Mee dialogéieren a verhandele wieren zwou verschidde Saachen.

Vun der Ried vum Staatsminister zur Lag vun der Natioun hätt hie sech erhofft, datt "an e puer Sätz" iwwer d'Noutwendegkeet geschwat gi wier, sech als klengt Lëtzebuerg an enger verännerter (ekonomescher) Welt op d'Zukunft virzebereeden. Fir de Rescht hätt hien awer keng konkret Erwaardungen un d'Deklaratioun vum Premier gehat.

Dissens iwwer net thematiséiert Themen

Anescht wéi de Paul Polfer an d'Josée Hansen: d'Land-Journalistin hätt sech gewënscht, datt kloer gesot gi wier, wou Lëtzebuerg am Moment steet a wéi et sech an noer Zukunft entwéckele soll. Amplaz dat ze maachen, hätt de Premier sech op e puer Themen ouni grouss Ukënnegunge beschränkt. Datt hien de Logement guer net ugeschwat hätt, wier "grav", fënnt d'Josée Hansen.

D'Corinne Cahen kontert, un där Problematik géif all Dag geschafft ginn. Dofir hätt de Premier net extra brauchen op dee Sujet anzegoen. D'Initiative wiere bekannt. Grad wéi déi grouss Investissementer an den ëffentlechen Transport an an d'Infrastrukturen. Dofir hätt et och wéineg Sënn gemaach, déi ze ernimmen.

De Xavier Bettel huet op d'Presentatioun vum Klimaplang verwisen

D'Regierung wier virun zéng Méint ugetrueden. "De Premier wollt kee Copy-Paste vun der Regierungserklärung maachen", äntwert d'DP-Presidentin a -Ministesch op de Reproche, et wier en enttäuschenden Etat de la Nation gewiescht. Hätt een net zum Kärthema Klima e puer konkret Annoncë kënnen erwaarden? "Nee", seet d'Corinne Cahen. De Klimaplang, an deem virun Enn des Joers dee ganze Katalog vu Klimaschutz-Mesuren opgelëscht wäert ginn, wier "e Package vu ville Saachen", an dofir "soll een dat och als Package annoncéieren."

Accent op déi sozial Dimensioun vum Klimaschutz

D'Koalitioun géif iwwer eenzel Mesurë verhandelen a kucken, wat et kascht a wien et trëfft": "Mir hunn elo fënnef Joer dofir gekämpft, datt Leit, deenen et net esou gutt geet, datt mir deenen ënner d'Äerm gräifen. An da wëlle mir hinnen net op där enger Säit finanziell hëllefen, an op där anerer Säit hinnen d'Suen nees anzwousch anescht ewech huelen."

Och fir de Paul Polfer ass déi sozial Komponent vun der Klimapolitik "primordial". Hie seet: "Wann eng Klimapolitik vun der Gesellschaft, an där se ageféiert gëtt, net als gerecht empfonnt gëtt, dann huet ee vun Ufank u verluer."