Radioen

On air

Notturno  |  Mutiny On The Bounty - Ice Ice Iceland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fërderen a fuerderen, ouni dobäi ze iwwerfuerderen

PISA

Fërderen a fuerderen, ouni dobäi ze iwwerfuerderen

Fir den Antoine Fischbach ass et kee Problem, wa Lëtzebuerg eemol (2021) bei der PISA-Etüd géif aussetzen, an eréischt 2024 nees géif mat maachen. Dat sot de Bildungsfuerscher vun der Uni Lëtzebuerg. Den nationale Schoulmonitoring, deen all Hierscht hei am Land gemaach gëtt, géif méi e preziist Bild iwwer eise Schoulsystem liwweren, wéi PISA dat kéint maachen.

auto_stories

3 min

Den Antoine Fischbach ass Bildungsfuerscher op der Uni Lëtzebuerg

D'Constate vu PISA wiere jo am Fong ëmmer déi selwecht, mengt den Antoine Fischbach: de sozioekonomeschen Hannergrond vum Kand an de Multilinguismus wieren d'Krittären, déi iwwer Erfolleg a Mësserfolleg an der Lëtzebuerger Schoul entscheeden.

Dat ass déi grouss Erkenntnis, déi an all PISA-Etüd steet, an déi zanter enger Rei Joren ëmmer am Hierscht beim nationale Schoulmonitoring confirméiert a souguer nach méi am Detail beluecht gëtt. Dëse Constat géif haut och vu kengem méi a Fro gestallt ginn, sou den Antoine Fischbach. Et wier ee sech eens, datt net alles perfekt ass, an datt et e Problem bei der Performance a bei der Equitéit géif ginn. "Dat erkannt ze hunn ass deen éischte Schrëtt, fir dat ze verbesseren."

PISA: de Bléck iwwer den Tellerrand

Déi eenzeg wierklech Plus-value vu PISA wier den internationale Verglach, mee dee misst een net onbedéngt all dräi Joer kréien. Dofir ass et fir den Antoine Fischbach och kee Problem, wa Lëtzebuerg bei der nächster PISA-Etüd aussetzt an eréischt 2024 nees matmécht.

Et bräicht een d'PISA-Etüd net fir ze gesinn, wou de System higeet. D'Disparitéite géif ee vill méi prezis national gesinn, mengt de Bildungsfuerscher.

"Wichteg ass, datt mer de Kapp net an de Sand stiechen. An dee Bléck iwwer den Tellerrand: dat geet och all sechs Joer duer. Virun allem, wann een dann och gesäit, wéi PISA ëmmer erëm konnotéiert ass all dräi Joer. Dat ass all dräi Joer esou en Hummer dee kënnt, an deen dann awer ganz vill konstruktiv kleng Plänzercher, déi iergendwéi gewuess sinn, dann awer erëm erschléit. A sou wéi ech dat gesinn, ass dat momentan net wierklech zilféierend."

Nieft dem sozioekonomeschen Hannergrond vum Kand, also dem Milieu aus deem et hierkënnt, sinn et virun allem seng sproochlech Fäegkeeten, déi iwwer Erfolleg a Mësserfolleg am Lëtzebuerger Schoulsystem decidéieren.

Multilinguismus dacks ee Problem

Den Antoine Fischbach kritiséiert, datt de Multilinguismus fir eenzel Schüler eng Hürd ass, iwwer déi si net kommen. Dat géif awer net heeschen, datt ee Schüler, déi keng Problemer mat de ville Sproochen hunn, ëm deen Avantage brénge sollt:

"Ech mengen, dat ass eng Saach vun der Flexibilitéit, déi gefrot ass. Vum Enseignant, vum System, och vun den Eltere vun de Kanner. Ech mengen, et ass onrealistesch vu jiddwerengem dat nämmlecht ze verlaangen."

Jiddwereen hätt seng Stäerkten a Schwächten, an e puer "ganz Glécklecher si vläicht an allem genial". Fir de Bildungsfuerscher vun der Uni Lëtzebuerg wier et dat einfachst Rezept ze fërderen a fuerderen, ouni dobäi ze iwwerfuerderen.

"Dat heescht am Zweiwelsfall ëmmer mol méi verlaangen, awer eben net iwwer de Kapp ewech. Mir hunn eigentlech e System, deen historesch gesinn, immens defizitorientéiert ass. Schwächte gi penaliséiert, a Stäerkten net belount."