Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar - Two Hands Ten Fingers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Stëmm vun der ADR ass wichteg fir d'Gesellschaft"

Chamberwahlen 2018

"Stëmm vun der ADR ass wichteg fir d'Gesellschaft"

Bei dëse Wahlen hätt d'ADR d'Chance, datt déi Themen, déi d'Partei géif vertrieden, méi am Zentrum vun der ëffentlecher Opmierksamkeet stéingen, seet de Fernand Kartheiser. D'Leit wiere sech méi bewosst, wéi wichteg d'Thematiken Identitéit, Sprooch an d'Zukunft vum Land wieren.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

Déi aktuell Regierung hätt mam Referendum 2015 dozou bäigedroen, d'Sujeten Identitéit, Sprooch an d'Zukunft vum Land ze lancéieren. Beim Referendum hätt d'ADR kënne mat hirer däitlecher Positioun iwwerzeegen, zesumme mat der Beweegung "Nee 2015-Wee 2050", seet de Fernand Kartheiser.

"D'Gesellschaft huet (...) erkannt, wéi wichteg eng Stëmm wéi déi vun der ADR ass", sou de Fernand Kartheiser. D'ADR hätt eng kloer Linn vertrueden an duerchgehalen, anescht wéi aner Parteien, grouss Deeler vun der Press oder aner sozial Gruppéierungen a Gewerkschaften.

"Riets vun der Mëtt"

De fréieren ADR-Parteimember Joé Thein, huet no internem Streit d'ADR verlooss, a seng eege Partei gegrënnt, mam Numm "déi Konservativ". Et wier een der Meenung gewiescht, datt de Joé Thein mat senger Perséinlechkeet an a sengen Aussoen net méi mat der ADR kompatibel gewiescht. Op d'Nofro, ob de Joé Thein der Partei ze riets gewiescht wier, äntwert de Fernand Kartheiser:

"Wat verstitt dir dorënner? Dat ass d'Fro. (...) Well déi Kategoriséierung seet net onbedéngt eppes aus. Wat ass dat? Ech perséinlech sinn e konservative Politiker a stinn an engem allgemenge Parteiespektrum riets vun der Mëtt. Aner Leit bei eis an der Partei gesi sech riicht an der Mëtt vun der Gesellschaft, wat och keng falsch Analys ass."

D'ADR strieft eng Koalitioun mat der CSV un, a versprécht sech bei de Chamberwalen am Hierscht op mannst fënnef Sëtz. Aktuell huet déi Alternativ Demokratesch Reformpartei dräi Deputéiert an der Chamber.