Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'FHL warnt: D'Pediatrie ass un der Limitt ukomm

Gesondheetssecteur

D'FHL warnt: D'Pediatrie ass un der Limitt ukomm

De President vun der Spidolsfederatioun mécht sech Suergen, datt d'Pediatrieën an de Spideeler an den nächste Wochen un d'Grenz vun hire Capacitéite kéinte stoussen. D'Kannerdepartementer vun de Spideeler wiere schonn zënter Wochen staark belaascht, well et am Moment vill Fäll vu Bronchiolite bei klenge Kanner gëtt, esou den Dokter Philippe Turk. Déi Situatioun kéint sech nach weider zouspëtzen, wann d'Omikron-Variant vum Coronavirus sech och hei am Land séier verbreet.

auto_stories

1 min

headphones

18 min

play_arrow

Dofir wier een am Gaang d'Capacitéit vun der Pediatrie am Land ze analyséieren a sech virzebereeden. Den FHL-President seet am Moment géif dofir gekuckt ginn, wéi déi aner Spideeler am Land kënnen hëllefen fir d'Kannerklinik an der Stad ze entlaaschten.

"Mir maachen och elo e spezifesche Plan de Montée en charge fir d'Pediatrie fir ze kucken, wéi déi aner Haiser kennen eventuell eisem Service national am CHL an de nächsten Deeg a Wochen kéinten ënner d'Äerm gräifen."