Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fiat gewënnt géint d'EU am Steier-Sträit

STAATSBÄIHËLLEF

Fiat gewënnt géint d'EU am Steier-Sträit

D'Entreprise Fiat muss keng Steieren un de Lëtzebuerger Staat zeréckbezuelen. Dat seet een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff, wat och postum der Lëtzebuerger Regierung Recht gëtt. Si hätt der EU-Kommissioun no Steieren an Héicht vun 23 Milliounen Euro vu Fiat zegutt.

auto_stories

2 min

D'Europäesch Kommissioun war 2015 zum Schluss komm, datt Fiat wéinst engem favorabele Steierruling eng illegal Staatsbäihëllef zougestane krut. Den Europäesche Geriichtshaff gesäit dat anescht, wat d'Finanzministerin Yuriko Backes zu Bréissel um Bord vun der Reunioun vun den EU-Finanzministere begréisst huet.

"Ech huelen dat Urteel zur Kenntnis, ech wäert dat och liesen, mee an deem Sënn hu mir dann effektiv Recht behalen."

D'Urteel géif beleeën, datt Lëtzebuerg sech 2015 un d'Reegele gehalen huet, sou d'Yuriko Backes:

"Entretemps hunn déi Reegele sech geännert, sou datt dat heite just nach een historeschen Interêt huet, wat och erklärt, firwat mir deemools keen Appell gemaach hunn."

Pierre Gramgna hat keen Appell gemaach

Effektiv hat de fréiere Finanzminister Pierre Gramegna decidéiert, net juristesch géint een éischt Urteel vum Europäesche Geriicht virzegoen. Dora war nämlech d'Decisioun vun der Kommissioun confirméiert ginn.

Fiat huet awer zesumme mat Irland ee Recours géint dat Urteel agereecht an den Europäesche Geriichtshaff kënnt elo zum Schluss, datt d'Kommissioun rechtlech Feeler gemaach huet, wéi si constatéiert huet, datt de Lëtzebuerger Fiskus Fiat par Rapport zu anere Entreprise favorabel behandelt huet.

Deemno kéint dee Reproche an och d'Fuerderung, datt Steiere musse nobezuelt ginn, net net oprechterhale ginn.

Vestager: Urteel ass "grouss Defaite fir Steiergerechtegkeet"

Datt Lëtzebuerg dës Kéier net geklot huet, fënnt och déi nei Finanzministesch richteg. Op d'Fro, ob si bedauert, datt d'Land elo net déi iwwer 20 Milliounen Euro Steieren afuerdere kann, seet d'Yuriko Backes. "Ech wëll elo net am Detail op déi dote Fro äntweren".

D'Urteel wier eng grouss Defaite fir d'Steiergerechtegkeet, sou d'EU-Kommissärin Margrethe Vestager op Twitter. D'EU-Kommissioun géif sech virun op deem Gebitt engagéieren.

Et wieren do scho vill Fortschrëtter gemaach ginn, verschidden EU-Länner hätten hir Gesetzer geännert, sou um Dënschdeg Mëtteg eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun. Dozou gehéiert och de Grand-Duché.