Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bill Frisell - Throughout (feat. Alexander Hanson, Brussels Philharmonic, Rudy Royston & Thoma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fidesz hallef dobaussen

EUROPÄESCH VOLLEKSPARTEI

Fidesz hallef dobaussen

D'Europäesch Vollekspartei (EVP) suspendéiert dem Viktor Orbán seng Fidesz-Partei. Eng Kommissioun ënner der Leedung vum fréiere Conseilspresident Herman van Rompuy soll evaluéieren, ob a wéini si nees Member vun der EVP ka ginn. Mat deem Kompromëss kéint ee liewen, seet den CSV-President Frank Engel. Hien hofft awer, datt et net dobäi bleift.

auto_stories

4 min

Direkt erausgehäit goufe se net, mee ee richtege Member si se och net méi: D'Europäesch Vollekspartei huet d'Partei vum ungaresche Premier Viktor Orbán suspendéiert.

Dee ganzen Nomëtteg hunn déi bal 200 Delegéiert, déi aus ganz Europa ugereest waren, an engem Sall am Europaparlament diskutéiert. Et gouf Riede fir a géint de Viktor Orbán. Virun allem deem seng Anti-EU-Campagne mat Plakater, op deenen och de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker viséiert war, hat fir Onmutt gesuergt.

D'Resolutioun, déi ee Kompromëss duergestallt huet, an déi um Enn mat grousser Majoritéit gestëmmt gouf, gesäit vir, d'Memberschaft vun der Fidesz ze suspendéieren.

"Praktesch heescht dat, datt d'Fidesz keng Kandidate fir parteiintern Poste ka stellen, si kënnen net méi matstëmmen an net méi u Reuniounen deelhuelen", seet de Manfred Weber, dee Mann, deen d'EVP als Spëtzekandidat fir d'Europawahlen am Mee nominéiert huet. Dee Kompromëss war op senger Mëscht gewuess, deemno war hie ganz zefridde mat deem Resultat.

Frank Engel gleeft weider un eng Expulsioun

Net grad esou begeeschtert fält d'Reaktioun bei deenen aus, déi sech dofir agesat hunn, datt d'Fidesz aus der EVP erausflitt. Virop d'CSV, déi sech zesumme mat aneren dofir agesat huet.

D'CSV hat mat 13 anere Parteien ee Bréif un d'Parteispëtzt geschriwwen, fir eng Exklusiounsprozedur ze lancéieren. Um Enn hätt een dee Kompromëss matgedroen, sot nom Vott den CSV-President Frank Engel. Hien huet probéiert d'Resultat positiv duerzestellen. Ëmmerhi wier een an der EVP nach ni esou wäit gaangen, sot hien.

"Ob et elo haut Exklusioun oder Suspensioun ass - dat war kee Grond fir sech där Majoritéit innerhalb vun der EVP ze verweigeren. Bei deenen 13 waren der och, déi just d'Suspensioun gefuerdert haten. Dowéinst wier et vermesse gewiescht ze mengen, mir kriten elo direkt eng Exklusioun duerchgesat. Mee mir hunn erreecht, datt déi glorräich Zäite vum Här Orbán op jiddwer Fall an der EVP eriwwer sinn."

Wéi et elo mat der Fidesz an der EVP virugeet, decidéiert eng parteiintern Kommissioun. Si soll ënner der Leedung vum fréiere Conseilspresident Herman van Rompuy evaluéieren, ob d'Fidesz nees ka Member vun der EVP ginn. Ee kloren Delai ass net virgesinn. Fir de Frank Engel steet awer fest: "Beim nächsten Derapage flitt d'Fidesz eraus".

Och fir den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen ass dat heite just een éischte Schrëtt. D'Stëmmung par Rapport zum Viktor Orbán an der EVP wier däitlech méi schlecht ginn, do géif nach eppes nokommen.

Viktor Orbán: Mir hunn eng Informatiounscampagne gemaach

De Georges Bach, och Europadeputéiert vun der CSV, huet eng gewëssen Angscht verspuert, datt d'EVP, an där nach laang net jiddweree géint de Viktor Orbán ass, iwwer deem ganze Sträit auserneebrécht. "Eis Membere verlaange Stabilitéit", seet hien.

De Viktor Orbán selwer schliisslech hat um Ufank vum Nomëtteg domat gedreet, datt seng Fidesz am Fall vun enger Suspensioun selwer géif direkt aus der EVP eraustrieden. Dee Schrëtt huet hien um Enn net gemaach. Et hätt ee sech zesumme fir d'Unitéit decidéiert, sot hien no der Reunioun.

Den ungaresche Premier huet och direkt ee Beweis dofir ofgeliwwert, datt hie seng Astellung net fundamental geännert huet a gewëssermoossen där neier parteiinterner Kommissioun direkt Material geliwwert, fir seng Politik ze evaluéieren.

Seng Regierung hätt an Ungarn keng Campagne géint de Jean-Claude Juncker geféiert, sot de Viktor Orbán op der Pressekonferenz. Wat d'Regierung an Ungarn gemaach huet, wier "eng Informatiounscampagne" iwwer dat gewiescht, wat d'EU-Kommissioun an Zukunft wëlles huet.

Déi Kommissioun nämlech, sou hunn d'Plakater an Ungarn suggeréiert, wëllt virun allem eent: dat ass méi Migratioun. Dogéint wäert den ungaresche Premier weider kämpfen, sou seng Annonce. Wann et muss si mat aneren Alliéierten, déi hie sech no den Europawahle sicht. Doriwwer kéint een elo nach näischt soen, sou de Viktor Orbán gëschter Owend.

CSV bleift an der EVP

D'CSV bleift dann och bis op Weideres Member vun der EVP, sou nach de Frank Engel. De Parteipresident hat annoncéiert, d'CSV géif hir Memberschaft iwwerdenken, wann Fidesz net aus der EVP erausgehäit géif ginn. "Mir hunn ëmmer gesot, datt mir eis Memberschaft iwwerpréiwen, wann d'Fidesz no den Europawahlen ëmmer nach an der Fraktioun am Europaparlament sëtzt. A wann dat esou ass, da maache mir dat och."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.