Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fiert de Matthieu Osch op Pyeongchang?

Olympesch Wanterspiller

Fiert de Matthieu Osch op Pyeongchang?

Deen 18 Joer ale Schifuerer ass wuel deen eenzege Lëtzebuerger, deen eng realistesch Chance huet, bei den Olympesche Wanterspiller a Südkorea derbäi ze sinn. Dat huet de President vum Lëtzebuerger Comité Olympique André Hoffmann confirméiert. Eng definitiv Decisioun, ob de Matthieu Osch selektionéiert gëtt, fir zu Pyeongchang beim Spezialslalom un den Depart ze goen, soll an der zweeter Januarwoch falen.

auto_stories

2 min

André Hoffmann

Der Äiskonschtleeferin Fleur Maxwell huet eng Verletzung e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Och de Schilaangleefer Cary Peters wär no enger Blessur nach wäit vu sengem beschten Niveau ewech, seet den André Hoffmann. Dofir géif Lëtzebuerg wuel héchstens mat engem Athlet a Südkorea vertruede ginn.

Den Ausschloss vum russesche Verband vun deene Spiller (vum 9. bis de 25. Februar 2018) nennt de COSL-President eng "ganz schaarf Sanktioun, déi gréisst Sanktioun, déi den IOC kéint huelen". Ugangs Oktober hat den den Internationalen Olympesche Comité déi Decisioun geholl, als Reaktioun op erwise Virwërf vu staatlech organiséiertem Dopping a Russland. Den André Hoffmann fënnt et awer richteg, datt déi propper russesch Athleten nawell d'Méiglechkeet kréien, fir bei de Competitioune matzemaachen. Et sollt ee si net a "Sippenhaft" huelen. Dat wär awer "op kee Fall iergend eng Entschëllegung, fir dat, wat a Russland geschitt ass", sou de President vum Lëtzebuerger Comité Olympique: Et léich op der Hand, datt nach "ganz vill gebotzt" misst ginn, ier Russland nees kéint an d'olympesch Beweegung opgeholl ginn.

De 14. Dezember 2017 hunn de Sportsministère, den COSL an d'Lëtzebuerger Sportsmedeziner de Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) gegrënnt. Am Laf vun 2018 soll déi Struktur mat Liewen gefëllt ginn. Ënnert hirem Daach soll Héichleeschtungssportler allerlee Kompetenzen zur Verfügung gestallt ginn: medezinescher, Training-methodescher, psychologescher etc. Den André Hoffmann ass iwwerzeegt, datt déi Kompetenzen déi bescht Lëtzebuerger Athleten en decisive Schrëtt kéinte virubréngen. Sport wär haut eng Wëssenschaft, déi och eppes mat Fuerschung ze dinn hätt. Et wär ëmmer nach ugeduecht e sportwëssenschaftleche Fuerschungs-Laboratoire zu Déifferdeng ze bauen. Nom Réckzéier vun der LUNEX-Universitéit misst en anere Partner fonnt ginn, fir dee Labo ze bedreiwen.