Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fiktiv Adressen: Negativ Konsequenze fir vulnerabel Mënschen

HAAPTSAD

Fiktiv Adressen: Negativ Konsequenze fir vulnerabel Mënschen

D'Problematik vun de fiktiven Adressen an der Stad Lëtzebuerg huet negativ Konsequenze fir vulnerabel Mënschen, seet d'Auslännerassociatioun ASTI. Rezent hate mir gemellt, datt et an der Stad ëmmer méi Leit ginn, déi guer net op där Plaz wunnen op där se ugemellt sinn. Anescht wéi vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer duergestallt, géifen déi Leit net vum System profitéieren, esou d'ASTI. Et wier ëmgedréint: De System géif vun hinne profitéieren.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Lunedi

D'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat rezent hei op der Antenn gesot, déi Leit géife sech op fiktiven Adressen umelle fir an de Genoss vu verschiddenen Avantagen ze kommen. D'ASTI léist dat net gëllen. Et wier éischter esou, datt déi Leit géifen ausgebeut ginn. Et géif sech ëm vulnerabel Leit handelen, déi d'Moyenen net hu fir sech eng korrekt Wunneng hei am Land ze leeschten. Verschidden Immobilienagencen a Proprietäre géifen dëse Leit zum Beispill Locatiounskontrakter ubidden, déi net de Reegelen entspriechen, esou d'Laurence Hever vun der ASTI.

Zum Beispill géife se an Zëmmere kommen an deene schonn ze vill Leit ugemellt sinn. Dee Moment wieren déi Leit dann drop ugewisen eng aner Adress ze fannen.

"Do si Leit déi bezuele souguer nach separat enzwousch anescht fir eng Adress ze kréien."

D'ASTI geet vun engem organiséierte Reseau aus

Aner Leit géife vum Proprietär ugebuede kréien éirens ze wunnen, mee op enger anerer Adress ugemellt ze ginn.

A verschiddene Fäll kréichen d'Leit souguer Campings-änlech Plazen oder Vakanzewunnengen ugebueden an deenen eigentlech guer keen Haaptwunnsëtz méiglech wier, erkläert d'Laurence Hever. Dobäi kéime Fäll an deenen de Proprietär d'Locatioun aus steierleche Virdeeler net wéilt deklaréieren an dofir keng richteg Umeldung géif proposéieren D'ASTI geet vun engem organiséierte Reseau vun Agencen a Proprietären aus.

"Mir hu puer mol déi selwecht Nimm zeréck gesinn. Dat sinn Agencen déi geschafe ginn an herno net méi existéieren. Kontrakter mat Logoe vun Agencen a wann s de déi nosichs da ginn et déi iwwerhaapt net. Mee dofir musse Plaintë gemaach ginn."

Genee dat géif awer dacks net geschéien. D'ASTI fuerdert dofir méi streng Kontrolle mat Sanktiounen op de richtege Plazen. Dat kéint de Probleem reduzéieren, och wann een doduerch d'Wunnengsproblematik net ganz géif an de Grëff kréien, esou d'Laurence Hever.