Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Filmfong-Audit: Eng Rei vu Recommendatioune bleiwen op

Lëtzebuerger Filmindustrie

Filmfong-Audit: Eng Rei vu Recommendatioune bleiwen op

Den Interessekonflikt, deen de Félix Eischen a senger parlamentarescher Fro iwwer Irregularitéite beim Lëtzebuerger Filmfong nennt, wier schonn 2017 behuewe gewiescht. Esou steet et am Audit, deen awer eng Rei Problemer nennt.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Stephan Poletplay_arrow


Tatsächlech war de Medieminister Xavier Bettel a senger Äntwert un den CSV-Deputéierte Félix Eischen deels ganz kuerz gebonnen. Fakt ass awer och, datt eng Rei vun den Irregularitéite beim Filmfong, op déi den CSV-Deputéierten a senger parlamentarescher Ufro hiweist, net am Audit vun 2018 ze fanne sinn. Sou steet am Audit, deen dësem Radio virläit, näischt vu Filmproduktiounen, déi net fäerdeg gemaach goufen, awer Sue vum Staat kritt hätten, ouni dës erëm zeréckzebezuelen.

Interessekonflikt mëttlerweil opgeléist

De Félix Eischen hat a senger Ufro un de Xavier Bettel och e Fall ugeschwat vun engem Produzent, dee Sue vum Filmfong krut hätt, awer gläichzäiteg och fir dëse géif schaffen. Effektiv ass esou e Fall am Audit erwäänt.

Dëse potentiellen Interessekonflikt wier allerdéngs 2016 an engem reguläre Finanzaudit ugeschwat ginn an 2017 scho behuewe gewiescht. Esou steet et am Audit vun 2018. Och war de besote Produzent kee Salarié, mee Fournisseur vum Filmfong. Um Internetsite vum Produzent steet haut nach, hie wier zanter 2012 Senior Advisor vum Filmfong. Dat huet de Filmfong an enger Mail och bestätegt, betount awer, datt dee Produzent kee Salarié, mee e Fournisseur vum Filmfong ass. Hie géif de Filmfong bei der Promotioun vu Lëtzebuerger Filmer am Ausland ënnerstëtzen. Dëst géif am schrëftlechen Accord geschéien, vun all de Produktiouns-Gesellschaften déi Member sinn, an der Produzenten-Associatioun ULPA.

Audit schléit Verbesserunge vir

Den CSV-Deputéierte Félix Eischen betount, datt hien net déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Filmindustrie a Fro stellt. Als Deputéierte wier et awer seng Aufgab nozefroen, wann hie vun Irregularitéite géif héieren. Een Deel vun den Informatiounen, wieren dem Félix Eischen vun externe Sourcen zougedroe ginn.

Effektiv schléit den Audit eng Rei Verbesserunge vir bei de Prozedure vum Filmfong. Et géifen ëmmer méi Filmer zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, gläichzäiteg ginn dës Filmer ëmmer manner gekuckt, esou ee Constat aus dem Audit.