Filmkritik "Get out"

Den Jordan Peele huet mat sengem Debut-Film "Get Out", ee geschéckt a spannend Wierk geliwwert. D'Horror-Satire ënnersicht d'Rasse-Spannungen an den USA. De Film léisst de Spectateur schudderen an ënnersträicht, datt Hautfaarf fir vill Mënschen nach ëmmer eng Roll spillt.

Jamie Reinert / fk

Get Out
Foto: Universal Pictures

De Chris ass Afro-Amerikaner. Seng Frëndin ass wäiss. No fënnef Méint Bezéiung muss hie bal d'Eltere vu senger Partnerin kenneléieren. Dës wunnen an enger vill ze grousser Villa, déi isoléiert an der Provënz läit. Si si räich, wäiss an hunn eng mat der Pan. Si gi vun zwee schwaarzen Dénger betreit, déi sech verdächteg komesch verhalen. Dobäi wierkt jiddereen, deen de Chris begéint, iwwer-frëndlech, an doduerch dann och erëm iergendwéi feindlech.

D'Leit, déi de Chris op enger Party trëfft, huelen hien och als éischt fir seng Hautfaarf wouer. Déi éischt Gespréicher fänke mat Themen u wéi d'Carrière vum Tiger Woods oder wéi moudesch d'Faarf schwaarz aktuell wier. Remarken, déi am skurrille Kontext, gelueden a rassistesch sinn. Den onschëllege Weekend riskéiert auszeaarten.

Horror-Thriller mat Déift a Charme

Den Jordan Peele ass haaptsächlech fir seng Komedie Performance mam Keegan-Michael Key bekannt. Sketcher, déi sech mat sozialen Themen ausenanersetzen, an d'Limitte vum politesch Korrekten testen.

Säin Debut als Regisseur am Horrorfilm "Get Out" iwwerrascht a versprécht immens vill. Hie kennt seng Referenzen an huet e spannenden Horror-Thriller realiséiert, deen Déift a Charme huet. De Montage, d'Mise-en-scène an d'Musek goufe mat Goût verschafft an harmoniséiere matenaner.

Glafwierdeg schauspilleresch Interpretatiounen

Eng bestëmmten Zeen verweist op dem Jonathan Glazer säin "Under the Skin". D'Geschicht selwer erënnert an engem Sënn u Filmer wéi "Audition" vum Takashi Miike oder och dem Spike Jonze säi "Being John Malkovich". Och well déi charmant Catherine Keener matspillt, déi eng geféierlech Hypnotiseurin spillt. Den Daniel Kaluuya an d'Allison Williams liwweren an den Haaptrollen staark Interpretatiounen, déi glafwierdeg sinn.

Dobäi hält den Jordan Peele eng konstant Tensioun, déi sech bis zum Schluss hinzitt. Op där enger Säit ënnerhält de Film immens, op där anerer ass e sozial engagéiert. "Get Out" ënnersicht, wéi d'Hautfaarf nach ëmmer fir vill Mënschen eng Roll spillt a wéi de Mënsch aus sengem Kierper eraus ka briechen. De Film ënnersträicht och, datt ee sengem beschte Kolleg follege soll wann e seet, datt ee léiwer net bei der Frëndin hir Elteren op Besuch soll goen.

Zukunft vum Horror-Genre

Gutt Horror-Filmer sinn hautdesdaags éischter rar. Éiweg Widderhuelungen, latzeg Franchisen a besonnesch den iwwerméissege Gebrauch vum sougenannten "jump scare" maachen dësem wichtege Genre kee Gefalen. "Get Out" reit sech hannert eng Rei rezent Filmer an, déi beweisen, datt awer net alles verluer ass.

Der Jennifer Kent hiren exzellenten "The Babadook" oder der Babak Anvari hire mysteriéisen "Under the Shadow" hunn dem Horror eng Zukunft op der grousser Leinwand ginn. Grujelfilmer mat engem kritesche Message, wou een un d'Personnage gleeft. Wierker, déi op verschidden Niveauen entféieren a schudderen dinn. Genee dat mécht och dem Jordan Peele säi "Get Out".

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Kaurismäki.JPG
Luxfilmfest

Nom Sëlwere Bier zu Berlin huet de finnesche Realisateur mat “The Other side of hope” och elo de Grand Prix um LuxFilmFest gewonnen. Beschten Documentaire gëtt “I am not your negro” vum Raoul Peck.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen