Radioen

On air

Notturno  |  Mega Bog - Love Is Feat. Westerman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzminister: "Mir si fiskalesch komplett an der Rei"

#openlux

Finanzminister: "Mir si fiskalesch komplett an der Rei"

De Finanzminister Pierre Gramegna an d'Justizministerin Sam Tanson hunn an der Chamber d'Virwërf vun de Journalisten am Kader vun der OpenLux-Enquête ofgestridden. Si hunn awer och Punkten opgezielt, wou Verbesserunge solle gemaach ginn.

auto_stories

2 min

De Finanzminister Pierre Gramegna sot un Dënschdeg an der Chamber, Lëtzebuerg wier steierlech konform an hätt all Anti-Blanchimentsreegelen ëmgesat.

"Nach Loft no uewen"

D'Virwërf, d'Finanzplaz wier disproportionéiert grouss par rapport zur Gréisst vum Land, wieren eng frontal Attack op den europäesche Marché unique, deen et erlaabt, Finanzservicer ze exportéieren.

Mee de Pierre Gramegna sot och, datt et a ville Beräicher Loft no uewe géif, besonnesch an der Bekämpfung vu Kriminalitéit a Blanchiment, och op den digitale Weeër.

Do kéint Lëtzebuerg awer eleng net vill erreechen. Dofir géif een d'Iddi vun enger europäescher Agence géint de Blanchiment, déi an den nächste Méint soll presentéiert ginn, voll ënnerstëtzen.

Sanktiounsmechanismus fir den RBE

Foto: CHD

D'Sam Tanson huet iwwerdeems de Registre des bénéficiaires effectifs verdeedegt. Et wier ee vun den oppensten an Europa. An e wier zu 90 Prozent richteg ausgefëllt.

D'Regierung hätt awer scho beschwat, "datt mer den RBE wëlle mat engem Sanktiounsmechanismus dotéieren, fir administrative Strofen ze verdeelen, wann déi Delaien net respektéiert sinn."

Et wéilt een och d'Donnéeë vun der Cellule de Renseigenement financier besser mat deene vum Register vernetze "fir ze iwwerpréiwen, inwiefern et do problematesch Donnéeë gëtt, fir datt dann esou séier ewéi méiglech ka poursuivéiert ginn, wann ee Probleem ass."

Verstäerkt mat Referendäre schaffen

Si géif och un engem Projet de loi schaffen, fir datt bei der Justiz, wou et u Leit feelt, fir op de Blanchimentsaffären ze schaffen, kéinte Referendären agesat ginn. Et géifen awer all Joers e puer honnert Affäre poursuivéiert a jugéiert.

Eng 4000 Beneficiairen hätten hir Donnéeën net am ëffentlechen Deel vum Regëster wëlle publizéieren, sot d'Justizministerin Sam Tanson.

Déi Demandë wiere bal all refuséiert ginn. Doropshi wieren eng 300 Recourse viru Geriicht gemaach ginn.

Den Ament géif een drop waarden, datt den europäesche Geriichtshaff iwwert eng question préjudicielle decidéiert, fir ze kucken, wéi et mat deene Recourse weidergeet.