D'Enquêtëkommissioun Blanchiment, Steiervermeidung a Steierflucht vum Europa-Parlament war dësen Donneschdeg a Freideg zu Lëtzebuerg. Nieft engem Echange de vue mam Finanzminister Pierre Gramegna, dem Justizminister Felix Braz an der Finanzkommissioun vun der Chamber hat d'Enquêtëkommissioun nach Banken, Affekoten an d'CSSF fir Gespréicher invitéiert. Eng Parti Acteuren hunn d'Invitatioun awer net ugeholl.
De Finanzministère huet op d'mannst engem Geschäftsaffekot ofgeroden, an der Enquêtekommissioun iwwer d'Panama Papers auszesoen. Dat geet aus engem Email ervir, deen dem radio 100,7 virläit. De Ministère schreift engem Geschäftsaffekot am Email, et wier besser, net an d'Enquêtekommissioun ze goen. Dat steet a Widdersproch zu den ëffentlechen Aussoe vum Minister Pierre Gramegna (DP).
D'Enquêtekommissioun hat en Donneschdeg bedauert, datt net all d'Lëtzebuerger Acteuren ausgesot hätten. De liberale Finanzminister huet dorops geäntwert, hien hätt dat notéiert. Mä et wier net d'Roll vum Finanzministère fir z'intervenéieren. Anescht wéi en Donneschdeg um radio 100,7 behaapt, ass d'Email vum Finanzministère net un den Albert Wildgen gaangen, mä un en anere Geschäftsaffekot.
Och an der Enquêtëkommissioun net dobäi war de Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt (DP). De fréiere Geschäftsaffekot war am Handelsregëster vu Panama opgedaucht. D'EU-Parlament huet confirméiert, datt de Staatssekretär Guy Arendt invitéiert war. Dem radio 100,7 géintiwwer sot säi Pressespriecher awer, de Guy Arendt hätt keng Invitatioun kritt an hie wéilt och net participéieren.