Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir d'Leit do sinn" - an der Kris an duerno

Coronavirus

"Fir d'Leit do sinn" - an der Kris an duerno

Wat geschitt mat Leit ouni Krankeversécherung, wa si medezinesch Hëllef brauchen? Médecins du Monde betreit ronn 900 Patiente pro Joer, déi hei am Land an esou engem Fall sinn. Dem Vizepresident vun der Associatioun no wier et selbstverständlech, datt dëse Service grad an Zäite vun der Coronavirus-Pandemie erhale bleift.

auto_stories

3 min

Médecins du Monde wier zwar weiderhin am Asaz, fir Sans-abrien a Mënschen ouni sozial Ofsécherung, medezinesch Hëllef ze leeschten, seet de Vizepresident vun der Associatioun. Dat awer mat reduzéiertem Personal. Et wéilt een déi Dokteren a Infirmiere schützen, déi méi wéi 64 Joer al sinn. Vun am Ganzen 13 Dokteren, wieren da elo nëmmen nach fënnef am Asaz.

Aner Form vu Consultatiounen

Och d'Zuel vun den Infirmieren hätt sech duerch d'Krisesituatioun ëm d'Hallschent reduzéiert. Donieft wieren Assistants sociaux an Psychologen net méi physesch bei de Consultatioune derbäi, mee iwwer Telefon erreechbar. An trotzdeem wier d'Associatioun weiderhin dräimol an der Woch zu Bouneweg an eemol an der Woch zu Esch aktiv. D'Patiente wieren awer all dobaussen. Dat wier am Moment wéinst de Wiederkonditiounen jo "eenegermoossen akzeptabel, datt mir d'Leit kënnen dobaussen hunn", esou de Bernard Thill. Et wéilt een d'Leit net am Waardezëmmer hunn, "well mir do keen op zwee Meter Distanz kënnen halen - dofir sinn eis Raimlechkeeten ze kleng."

Patienten déi ënner Verdacht sti mam neie Coronavirus infizéiert ze sinn, géifen iwwer Teleconsultatioun betreit ginn. D'Patienten hätten am Prinzip een Telefon. Si kéinten dann iwwer dee Wee hir Symptomer beschreiwen, "an da geet dat iwwer ee vun eisen Dokteren, déi wéi gesot als Benevollen aktiv sinn". Déi Betraffe géifen dann direkt an déi sougenannte Centres de Soins Avancés geschéckt ginn, "wou si dann direkt déi Tester gemaach kënne kréien".

Suergen ëm chronesch krank Patienten

Am Ganze wiere bis ewell sechs Verdachtsfäll opgetrueden, déi un d'Centres de Soins Avancés weidergeleet goufen, esou nach de Bernard Thill. D'Associatioun Médecins du Monde géif selwer keng Tester maachen, well dofir dat néidegt Schutzmaterial - dorënner Schutzbrëller a Blusen - net disponibel wieren. Masken an och Desinfektiounsmëttel wieren awer sur Place a géife wärend de Consultatiounen den néidege Schutz bidden.

Suerge géif sech d'Associatioun den Ament awer iwwer hir Patiente mat chronesche Krankheete maachen. Dem Vize-President no maachen dës ronn een Drëttel vun hire Patiente pro Joer aus. Déi géifen zanter de leschte Wochen ëmmer manner an d'Consultatioune kommen.

"Dat sinn alles Leit, déi Häerz krank sinn, déi Bluttdrock Problemer hunn, déi zockerkrank sinn, déi chronesch Bronchitten hunn. Déi also reegelméisseg Medikamenter brauchen - all Mount op d'mannst. An et fält eis op, datt déi Leit däitlech manner kommen. Warscheinlech aus Angscht sech bei eis ze infizéieren. Vläicht och well si net wëssen, datt mir awer weider funktionéieren. Well déi Leit hu soss keng aner Ulafstell. Mir sinn déi eenzeg fir si. An do maache mir eis Suergen."

Solidaritéit iwwer d'Kris eraus

Grad a Krisenzäite wier et elo wichteg, datt si weider am Asaz géife bleiwen, sou de Bernard Thill. Grad fir "déi dote Populatioun, déi awer bësse baussen eiser Gesellschaft lieft a bësse leider vergiess gëtt am Alldag, well si keng Krankekeess huet. Datt mir fir déi Leit do sinn."

D'Associatioun ass deemno dem Gesondheetsministère dankbar, datt den Ament och Patienten ouni Krankeversécherung medezinesch betreit ginn - hofft awer, datt d'Solidaritéit, déi den Ament besteet, och no der Kris ka weider bestoen. "An datt déi Patienten da vläicht awer esou weider betreit ginn."

Fir den Asaz vu Medecins du Monde an nächster Zäit ze garantéieren, hofft d'Associatioun elo, datt hir jonk Benevolle weider gesond a motivéiert bleiwen.