Gewerkschaftsvertrieder begréissen dem Radio 100,7 géintiwwer, datt eng gewëssen Normalitéit soll zeréckkommen. Si bedaueren awer, datt de Minister net op d'Fuerderung vun de Raum-Loftfilteren agaange wier.
De Claude Meisch soll haut och weider mat den Enseignantsgewerkschaften iwwert d'Rentrée am Secondaire schwätzen. D'Féduse fuerdert an de Lycéeën d'Aféierung vum Covid-Check-System, fir d'Masken z'évitéieren. D'Regierung hat awer schonn an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro uginn, dat wier fir si keng Optioun.
D'Gewerkschafte wiere gréisstendeels mat de geplangte Moossnamen averstanen, esou d'Nora Watgen vum Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft beim OGBL. Et géif een awer bedaueren, datt d'Fuerderung vun de Raumloftfilter vum Dësch wier.
"Mir sinn do immens enttäuscht a fuerderen och vehement, datt déi géifen agesat ginn. D'Argument vun der falscher Sécherheet, domat si mir net averstanen a mir denken, datt alles, wann et nëmmen hëllefe kéint, datt dat dann och sollt agesat ginn. Virun allem wann d'Masken eben ewech falen, da wier dat u sech jo eng zousätzlech Sécherheet."