Radioen

On air

Notturno  |  Young Fathers - Geronimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir de Moment si mer op"

En Tour duerch de Shopping Center

"Fir de Moment si mer op"

Zanter de Méindeg sinn d'Butteker nees op an, och d'Coifferen däerfen nees Clienten empfänken. Et funktionéiert awer alles e bëssen anescht wéi gewinnt, wéi d'Michèle Sinner gëschter op sengem Tour duerch d'City Concorde erausfonnt huet.

auto_stories

4 min

Zanter zwou an enger hallwer Stonn huet de Coiffer-Salon Piu Bello op, eng éischt Schicht Clienten ass schonn erduerch. Gewäsch, geschnidden, geföönt, d'Bigoudie gedréit. Hei gëtt nach fäerdeg gekämmt an da mat e bësse Spray fixéiert. De Patron Pino Colucci ass méi wéi frou, datt hien a seng Mataarbechterinnen nees kënnen schaffen - och wann him hanner dem Buff nawell de Brëll uleeft. An natierlech net esou vill Cliente wéi soss kënnen zerwéiert ginn.

Direkt no der Annonce vun der Reouverture huet hien ugefaange Material anzekafen, seet de Pino Colucci. E Plexiglas-Ecran fir bei d'Keess an der Dier, wou de Rendez-vous kontrolléiert gëtt. Plastikshoussë fir iwwer d'Still an Desinfizéiermëttel. Domat ginn d'Still tëschent all Client ofgemaach. Datt d'Surfacen, mat deenen de Client Kontakt huet, mussen desinfizéiert ginn, steet an de Consignë vun der Santé fir Soins à la personne. Genee wéi d'Trennung vun de Clienten entweder duerch Ofstand oder mat Ecranen. Souwuel d'Clienten, wéi d'Personal, mussen e Mask unhunn. Mee déi gutt Hygiène steet bei de Coiffere scho wärend der Léier um Ausbildungsprogramm, seet de Pino Colucci. "Zum Beispill wéi d'Geschier desinfizéieren, d'Hänn, an an an. Dat si lauter Saachen, déi mir schonn an der Schoul geléiert ginn."

Nach ass net all d'Personal nees op der Schaff. Zu siwe Leit Personal kéint ee maximal sechs Leit mateneen am Salon zerwéieren. Et ass geplangt fir an engem Zwee-Schicht-Betrib ze schaffen, een Dag iwwer deen aneren.

D'Bezuele vun de soziale Laaschte maachen dem Pino Colucci ze schafen

D'Propietäre vum Akafszentrum hunn de Commercen de Loyer fir d'Zäit vum Confinement gestrach, wat eng grouss Hëllef war, seet de Pino Colucci. Trotz Delai hätt et mat den Indemnitéite fir seng Employéen och gutt geklappt, sou datt hien d'Paien déi zwee Méint konnt bezuelen. Hien och e Moratoire ugefrot, fir d'Part patronale vun de Sozialcautisatiounen An hie seet. Déi gréisst Suerg bei de Patrone wieren déi sozial Laaschten, bei deene vläicht erwaart gi wier, datt d'Regierung do eppes géif maachen.

Wa just den hallwe Salon ka lafen, kann och just hallef esou vill Chiffre d'affaire gemaach gi wéi soss. Dofir misst hien entweder Chômage partiel ufroen, oder wann et net anescht geet, een entloossen. "'Et ass meng Responsabilitéit, ech hu siwe Leit, siwe Famillen hei. An et géif mir wierklech leed doen, wann ech hei esou eng Decisioun misst treffen." Déi aner staatlech Aidë ware virun allem Prêten. Hie wollt sech net iwwer d'Kris eraus verschëlden.

"Fir de Moment si mir op ", seet de Pino Colucci. Dann ass den nächste Rendez-vous do. Bei der Keess bezuelt grad eng eeler Damm a geet frësch coifféiert houfreg duerch d'Galerie.

Do ass et nach zimmlech eidel am spéide Moien. Obwuel alles preparéiert ass. Virun all Entrée um Bueden si schéi propper Waardezone gepecht, wou d'Cliente solle stoen bleiwen a Kordele gespaant, wéi am VIP-Beräich an der Diskothéik. Jeeweils an der Entrée steet Desinfectant prett, fir d'Hänn propper ze maachen. Schlaange ginn et nach keng. Obschonn d'Butteker um zéng opgemaach hunn.

D'Hygiènesmoossname sinn extrem héich, seet d'Carolyn Gobran

D'Carolyn Gobran ass Patronne vun zwee Butteker mat skandinavescher Moud an an der Galerie. Deen een, Filippa K, hat knapps zwou Wochen éier de Confinement lassgoung Ouverture. Bei enger Surface vu 400 Metercarré kënnen eng 15 bis 20 Cliente eran. D'Personal, am Gaanze sinn et 15 Leit, dréit stoffe Masken, vun der Schneiderin gebitzt.

"An de Kabinn wäerte mir natierlech alles desinfizéieren. An och alles an der Kees, wat een upéckt. Souguer d'Bigele mat de Kleeder", erkläert d'Carolyn Gobran d'Precautiounen. Virschrëften, wéi d'Umoossen vu Kleeder ze handhaben ass, ginn et keng, esou d'Patronne.

Si maache wat si kennen, seet d'Carolyn Gobran. A froen d'Clienten fir d'Masken bei der Umooss unzehalen, wann et näischt Enkes ass, wat iwwer de Kapp gezu gëtt.

Online-Venten ersetzen net de Verkaf am Geschäft

Si huet, anescht wéi de Pino Colucci et Prêt ugefrot an accordéiert kritt. Elo mussen d'Sue just nach ukommen. Well e Kleeder-Buttek huet héich Käschte mat der Marchandise, erkläert d'Carolyn Gobran, déi d'Kollektiounen op Fashion Weeks kucke geet. Déi Wuer géif ee Joer am Viraus bestallt ginn, an et kéint ee se net méi annuléieren.

Wéi aner Butteker och huet Vitrinn versicht, am Lockdown op Online-Venten ze setzen. Net esou evident, obwuel et den Internet-Shop scho virdru gouf. Fir datt de System huet kënne funktionéieren, huet si virdru missten e kompletten Inventaire maachen, wat vill Zäit an Usproch hëlt.