Hëllef aus Lëtzebuerg Fir déi néngte Kéier mat humanitärer Hëllef an d'Ukrain

D'Ukrain brauch weider humanitär Hëllef, an all kleng Quantitéit u Material oder u Sue muss an d'Land bruecht ginn, heiansdo mat eegener Hand. Dat duecht sech och de Borys Bilan, wéi déi russesch Invasioun vun der Ukrain viru knapps engem Joer ugefaangen huet. Mam Minibus ass hien op déi polnesch Grenz gefuer, huet Donen ofginn a Flüchtlinge mat op Lëtzebuerg bruecht. Dës Kéier huet hie keng Leit um Réckwee mat dobäi, mee Hëllef brauch d'Land trotzdeem.

Philip Crowther / jod

Borys Bilan

Dës Woch ass dee 44-Joer-ale polnesche Mann aus Lëtzebuerg fir déi néngte Kéier aus der Regioun zeréckkomm. Ziviliste solle vun dëser Hëllef profitéieren. Virun Allem Kanner an eeler Leit.

"Fir mech sinn dat déi Leit, déi d'Hëllef am meeschte brauchen. Mir fuere bei e Kolleeg hei zu Kiew. Hien hëlleft mir des Donen ze distribuéieren. Dat kennt alles vu menger Arméi vun Engelen, déi ech an deene leschten zwielef Méint zesummegestallt hunn."

De Borys Bilan huet eng Email-Lescht vun 110 Leit, déi him Done ginn. Des Kéier sinn et 7.000 Euro, déi hien a just véier Deeg gesammelt huet.

"Et trefft eis all direkt an Europa"

Houfreg nennt hie se 'Missiounen', déi laang Reesen, déi de Borys Bilan elo schonn néng Mol gemaach huet. Um Ufank un déi polnesch Grenz, an elo bis eran an d'Ukrain. An dës Woch bis an d'Haaptstad Kiew.

D'Sue ginn zum Beispill un en Dëschtennis-Club zu Kiew, fir den Training vu Kanner aus der Krichszon ze finanzéieren. Aner Done gi vu Fräiwëllegen an d'Géigend vu Bakhmut bruecht, do wou déi schlëmmst Kämpf sinn, a wou d'Leit Iessen a Medikamenter brauchen.

Et ass evident, datt ee Mann, deen elo schonn néng Mol seng Famill doheem gelooss huet fir de Wee an des Géigend ze maachen, ganz déif vum Krich betraff ass.

"Ech hunn d'Gefill, datt dëst net ee Konflikt tëscht Russland an der Ukrain ass. Et trefft eis all direkt an Europa. Dofir spieren ech elo vill méi Haass a Roserei ewéi virdrun. Well ech gesinn, wéi no et ass wat hei geschitt. Ech gesinn, datt onschëlleg Leit dru leiden. Dat huet en Afloss op mäi Liewen."

Käerzen a Medikamenter

Mat am Minibus sinn och Käerze fir an d'Tranchéen op der Front, fir Luucht a Wäermt am Kampf mat de Russen, a Medikamenter. Saachen, déi hien zu Berlin kritt huet, vun engem anere Privatmann, deen och reegelméisseg Hëllef an d'Ukrain bréngt.​

Den Andriy kritt déi Saachen. Een Zaldot an der Elite-Unitéit 'Kraken', déi un der Front kämpft.

"Ech sinn immens dankbar fir d'Hëllef vu Leit aus ville Länner, déi der Ukrain hëllefe wëllen. Ouni déi Hëllef wier et ganz schwéier géint d'Russen ze kämpfen."

No der Rees vun zwee Deeg zeréck op Lëtzebuerg schreift de Borys Bilan e Rapport fir d'Leit déi Done gemaach hunn. Dat Ganzt mat Fotoen, datt si och wëssen, datt hier Hëllef gutt an der Ukrain ukomm ass.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Ukrainesch Flüchtlingen
Flüchtlingen aus der Ukrain

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain sinn iwwer 5.000 Ukrainer op Lëtzebuerg komm. Dorënner och d'Sasha mat hiren dräi Kanner an hirer Niess, déi zanter Mee bei Lëtzebuerger doheem wunnen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen