D'Schülerinne a Schüler fuerdere vun de Politiker, dat si méi maache fir d'Klimaerwiermung ofzebremsen. Jonk Leit wiere méi vun den zukünftege Konsequenze vum Klimawiessel betraff an dofir misst elo gehandelt ginn.
D'Schüler zu Lëtzebuerg géifen an Zukunft méi reegelméisseg esou Klima-Streiker organiséieren, seet de Ben Stemper vu Youthforclimate. Si géifen dat op engem Schouldag maachen. Wa si net, wéi dës Kéier, fräi kréien, géife si och ouni Excuse manifestéieren. En Datum fir déi nächst Manifestatioun gëtt et awer nach net.
Andréck vun der Klima-Manifestatioun: