Radioen

On air

Notturno  |  Claire Parsons - Snow In August (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir eis ass wichteg, datt d'Offer stëmmt"

Mobilitéit, Klima- am Ëmweltschutz

"Fir eis ass wichteg, datt d'Offer stëmmt"

Aus dem Tanktourismus erausklammen ass näischt, wat een an engem Coup mécht. Dat misst an Etappe geschéien, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Déi fir d'nächst Joer annoncéiert Hausse vum Spritpräis ëm een, zwee oder dräi Cent de Liter, wier eng éischt Etapp.

auto_stories

3 min

D'Carole Dieschbourg ass iwwerzeegt, datt d'Weltgemeinschaft eppes géint de Klimawandel maache kann.

Am Koalitiounsaccord wier virgesinn, datt dee ganze Prozess vun engem interministerielle Comité soll begleet ginn, deen d'Auswierkunge vun deene Mesuren iwwerwaacht, déi Schrëtt fir Schrëtt decidéiert gi fir de Spritverkaf ze reduzéieren.

Weider vill an den ëffentlechen Transport investéieren

Fir dat Zil ze erreeche wier et néideg net eleng un der Präisschrauf bei Bensin an Diesel ze dréien. Et misst och weider goe mat den Efforte fir eng besser Mobilitéit hei am Land ze erméiglechen, esou d'Carole Dieschbourg. An dat géif bedeiten: weider vill an den ëffentlechen Transport investéieren, un enger ëmmer besserer Offer schaffen, oder d'Elektromobilitéit geziilt ënnerstëtzen. Dofir ze suerge wier deene Grénge méi wichteg gewiescht, wéi den ëffentlechen Transport gratis ze maachen:

"Fir eis ass wichteg, datt d'Offer stëmmt. Wéi dat bis gekläert war an de Koalitiounsverhandlungen, datt d'Investitiounen an den ëffentlechen Transport an an d'Vëlosweeër héich gehale sinn, du hu mir gesot: Bon, da kënne mir och déi éischter sozial Mesure fir den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, da kann een déi och méi schnell envisagéieren, an dofir kënnt déi elo méi schnell."

D'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique, sot an hirer Ried op der 50 Joer-Feier vun der Organisatioun: "Eis Gesellschaft ass net um Wee a Richtung Nohaltegkeet. Leider grad de Contraire. Mir si souguer op der Géigespuer ënnerwee, an dat mat voller Vitesse!" D'Carole Dieschbourg deelt dëse Constat a mengt, datt ee mëttlerweil géif wëssen, datt den Defi am Klimaberäich immens grouss wier, an datt d'Emissiounen nach ëmmer um klamme wieren. "Am Beräich vun der Biodiversitéit si mir matten an engem sechsten Aartestierwen. Dofir: De Constat ass richteg."

Weltgemeinschaft kann eppes beweegen

Weider hätt ee ganz grouss Defien am Beräich vun Ëmwelt- a Klimapolitik viru sech, "an dofir musse mir alleguer zesummen zousätzlech Efforte maachen", esou de Constat vun der Carole Dieschbourg. "Mir mussen awer och gesinn, datt do, wou mir eis als Weltgemeinschaft entscheet hunn an eng aner Richtung ze goen, do wou mir Entscheedung getraff hunn, datt mir och do Erfolleger hunn."

Als Beispill nennt d'Carole Dieschbourg d'Ozonlach. D'Weltgemeinschaft hätt do beschloss eppes ze maachen, an haut kéint ee feststellen, datt d'Ozonlach lues a lues zou géif goen. "Dat heescht: Wa mir à même si muteg Decisiounen ze treffen, da kënne mir och méi nohalteg ginn. An do sinn ech der Meenung, wa mir eis dee leschte Rapport vum Weltklimarot ukucken: Et ass nach Zäit, mee mir mussen eis Efforten elo eropschrauwen", esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

"Mir mussen do méi Efforte maachen"

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg fiert e Méindeg a Polen fir de politeschen Deel vun der Klimakonferenz zu Katowice. Op där Konferenz geet et haaptsächlech drëm, e sougenannt rule book auszeschaffen, dat festleet, wéi de Paräisser Accord vun 2015 soll ugewannt ginn. Wa Katowice e Succès soll ginn, wier et wichteg sech op esou e gemeinsamt Reegelwierk ze eenegen, seet d'Carole Dieschbourg, well et vill Länner op der Welt géife ginn, déi net wéilten, datt dëst Reegelbuch d'Strooss géif halen. "Dofir, ee wichtegt Element: e gutt Reegelwierk, fir datt mir de Klimaschutz konkret ëmsetze kënnen."

En zweet wichtegt Element fir de Succès vu Katowice wier, datt d'Länner méi Ambitioun géife weisen. Och wann Europa scho seng Ziler fir 2020 ënner dem Kyotoprotokoll elo schonn erreecht hätt, géif ee sech domat net zefridde ginn, datt d'Emissiounen an de leschte Joren an Europa erofgaange sinn, dann awer stagnéiert sinn. "Mir mussen do méi Efforte maachen, dat ass de Sënn vun deem Dialog, dee mir maachen. An do gëllt et, datt d'Länner no an no méi Ambitiounen affichéieren." Dat kéinte se maachen, andeems si hir Ziler revidéieren, eropsetzen, oder datt se konkret Beispiller nennen, wéi ee Klimapolitik géif maachen, esou d'Carole Dieschbourg.