Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng Corona-Enquêtëkommissioun

Gestioun vun der Corona-Pandemie zu Lëtzebuerg

Fir eng Corona-Enquêtëkommissioun

Zanter véier Méint ass Lëtzebuerg am Kampf géint d'Corona-Pandemie, zwou Infektiounswelle goufen et bis haut, mat am Ganzen 112 Doudegen an enge 6.000 Persounen, bei deenen de Virus nogewise gouf. Den Tëschebilan: E Lockdown wärend zwee Méint a fir de Rescht Aschränkungen op ville Pläng, mat engem graven ekonomesche, sozialen a medezineschen Impakt. Och wa villes richteg gemaach gouf, sinn och Feeler geschitt, an déi mussen an aller Transparenz opgeschafft ginn. E Kommentar.

auto_stories

5 min

Lëtzebuerg steet nach. Och no véier Méint Corona-Kris. Och wann der vill no de Chamberwale vun 2013 gemengt haten, ouni d'CSV um Rudder géif alles d'Baach erofgoen, well déi nei Ministeren nach gréng hanner den Ouere wieren, muss ee feststellen: Et geet och ouni déi vum "séchere Wee". Där aktueller Regierung gelénge Saachen, an anerer net, genee wéi dat bei Regierunge virdrun de Fall war.

Domat ass allerdéngs nach laang net alles gesot: Well dat wat Lëtzebuerg déi lescht Méint duerchmécht, op ganze ville Pläng, brauch eng detailléiert Analys. Et geet net duer en Artikel vum Monde an d'Fënster ze halen, dee Lëtzebuerg fir seng effikass Gestioun vun der Kris gelueft huet. Nee, déi heite Kris huet wäitreechend Konsequenzen op d'Liewe vun eis all an op de Fonctionnement vum Staat an dofir muss genee ënnersicht ginn, wat gutt fonctionéiert a wat net, fir datt Lektioune fir d'Zukunft kënne gezu ginn. An dat esou séier wéi méiglech.

A Frankräich huet d'Parlament am Mäerz schonn eng Mission d'information agesat, déi Ufank Juni op eng Commission d'Enquête erweidert gouf, an och de Senat huet virun engem Mount eng Enquêtëkommissioun agesat. Net fir Konten ze regléieren, mee fir déi néideg Lektiounen aus allem ze zéien. Zu Lëtzebuerg meutert d'Oppositioun gär, datt et hir un Informatioune feele géif, an d'Majoritéit gesäit kee Besoin fir villes a Fro ze stellen ... Eng fundamental Enquête awer gëtt et net.

D'Lacunne beim Material an d'Informatiounspolitik analyséieren

An egal wéi gutt verschidde Saache gelaf sinn, mat virun allem enger Situatioun an de Spideeler, déi net ausgeaart ass, ginn et och vill Saachen, déi falsch gelaf sinn, respektiv nach ëmmer falsch lafen. Leider gëtt et wéi esou dacks hei am Land keng Kultur vun der kontradiktorescher Ausernanersetzung fir sech sachlech domat ze befaassen.

War de Gesondheetssecteur vum Material a Personal hier zum Beispill gutt genuch equipéiert? D'Gesondheetsministerin huet zouginn, datt et do Lacunne goufen. Et géif näischt schuede sech méi genee unzekucken, wourun dat louch a wat dat fir d'Zukunft heescht.

Et ass och méi wéi dokumentéiert, datt d'Informatiounspolitik däitlech ka verbessert ginn. No der Berouegung vun der Situatioun am Juni huet zwar jiddweree gesot, et kéinte weider Welle kommen, mee déi wichtegst Messagë sinn nom Deconfinement net widderholl ginn. A se waren deelweis kontradiktoresch. Wéi d'zweet Well scho laang amgaang war, ass gemaach gi wéi wa just e puer Partyen de Problem wieren, oder déi vill Tester, wouduerch wäertvoll Zäit verluer gaangen ass fir d'Bierger zu engem responsabele Verhalen opzeruffen.

Inkohärenz an drastesch Changementer bei den Zuelen

D'Zuelen, déi d'Autoritéite bis haut liwweren, sinn en anere risege Chantier. Ugefaangen huet et domat, datt an onreegelméissegen Ofstänn net méi wéi d'Zuel vun den Doudesaffer an d'Zuel vun de positiven Tester matgedeelt goufen. Obwuel déi drastesch Mesuren domat argumentéiert goufen, datt een d'Iwwerlaaschtung vun de Spideeler misst evitéieren, goufen d'Hospitalisatioune mol net matgedeelt. Haut ginn et méi offiziell Zuelen, mee se sinn nach ëmmer net gutt an net fiabel. Esou huet d'Santé virun zwee Deeg d'Gesamtzuel vun den Tester retroaktiv bis an de Februar staark verännert, esou datt d'Courbe vun den Tester haut anescht ausgesäit, wéi nach virun e puer Deeg. Et heescht, d'Parametere wiere geännert ginn. No véier Méint.

Et ass evident, datt Krise wéi déi heite weisen, datt e staarke Staat néideg ass. Déi, déi laang gejaut hunn, de Fonctionnement vum Staat wier ze deier, sinn haut déi éischt, déi jäizen, wa si hir staatlech Hëllefen net séier genuch ausbezuelt kréien. Och dat gehéiert analyséiert: Wierken d'staatlech Hëllefen? Wat hätt ee kënne besser oder méi séier maachen?

E staarke Staat heescht awer och, datt d'Santé publique fonctionéiere muss. Et ass e Secteur, an deem mat liberale Beruffer Suen ze verdénge sinn. Mee et ass och e Secteur, an deem den Interêt général zu all Moment muss garantéiert sinn. A well mer sécherlech nach eng Zäit mam Virus liewe mussen ass och kloer, datt de Gesondheetsministère an d'Santésdirektioun musse esou gutt wéi méiglech opgestallt sinn. De Staat muss alles maachen, fir de Verlaf vum Virus ze iwwerwaachen, ze retracéieren an do d'Infektiounsketten ze ënnerbriechen, wou et méiglech ass: mam Zil en zweete Lockdown ze verhënneren.

Wien huet blockéiert a firwat?

Eis Recherchen hu gewisen, datt net all d'Acteure matgespillt hunn, respektiv net preparéiert ware fir déi zweet Well. Datt d'Kooperatioun tëschent allen disponibele Kräften aus de Ministèren, Verwaltungen a Fuerschungszentren net esou gutt war, wéi se hätt solle sinn. Datt d'Cellule vum Contact Tracing eréischt spéit personell opgestockt gouf. Datt haut nach ëmmer net kann e breet Bild gezeechent gi WOU d'Leit sech déi lescht Wochen infizéiert hunn. An datt de Large Scale Testing net vun Ufank u vun der Santé ënnerstëtzt gouf. D'Gesondheetsministerin huet um Dag vum Vott vun der zweeter Phas vun där Testcampagne missen agestoen, datt d'Gesetz just 53.000 Tester pro Woch virgesäit, der den Ament awer vill méi gemaach ginn, an een da muss kucke fir zousätzlech Kontrakter fir méi Tester ofzeschléissen. D'Paulette Lenert muss sech d'Fro gefale loossen, wisou dann net wéi an der éischter Phas 100.000 Tester am Gesetz stinn, a wisou grad Acteuren aus der Santé net esouvill Tester wollten.

Et gëtt jiddefalls vill, wat ee kann a muss aus de leschte Méint léieren. An dat am Beschten direkt. Well all Infektiounsketten, déi effikass ënnerbrach gëtt, verhënnert bei enger exponentieller Croissance vu Virus-Infektioune vill spéidere Schued. Dofir misst d'Chamber de Courage an d'Sachlechkeet hunn, fir all d'Acteuren ze héieren, déi an dëser Kris gefuerdert waren. Wann doraus géife Recommandatiounen entstoen, wéi de Staat an d'Politik d'Situatioun besser geréiere kéinten, wier dat eis all vill gedéngt. Dofir d'Fro: Wann eng Enquêtëkommissioun hei net néideg ass, wou dann?