Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Better Way To Live Feat. Grian Chatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng Gesellschaft, déi d'Frae stäerkt a schützt

Fräie Mikro

Fir eng Gesellschaft, déi d'Frae stäerkt a schützt

Muer ass nees Weltfraendag. Trotz ville Fortschrëtter ass d'Gläichberechtegung vun de Geschlechter nach keng Realitéit. Wéinst intersektioneller Diskriminéierung ass et fir verschidde Frae souguer nach ee ganz wäite Wee bis dohin. D'Antónia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun, mat e puer Gedanken zum Schutz vun de Fraen.

auto_stories

3 min

Antónia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun

Den 8. Mäerz ass den internationale Fraendag, an dëst zanter 1911. Och hei zu Lëtzebuerg invitéiert d'JIFF zanter e puer Joer fir op dësem Dag fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen ze manifestéieren, déi trotz villen Acquisen nach net erreecht ass.

Ënnerdréckung an der Gesellschaft

Selbstverständlech leiden net nëmmen d'Fraen ënner Diskriminatioun, mee och aner Gruppe vu Leit, sief et Mënschen aus méi sozial schwaache Klassen, People of Color, der LGBTIAQ+ Communautéit, Mënsche mat Behënnerung oder och anerer.

Ass een awer lo eng Fra an et fält een an eng vun deenen Gruppen, ass d'Gefor diskriminéiert ze ginn ëmsou méi grouss. Dat ass de Prinzip vun der Intersektionalitéit, ee Begrëff, deen Zesummewierke vu multipellen Ënnerdréckungsmechanisme beschreift.

Ee Beispill dofir sinn elengerzéiend Famillen, déi zu enger grousser Majoritéit vu Frae geleet ginn. Net genuch vu staatleche Moossname geschützt, riskéieren si an d'Prekaritéit ze falen. Laut dem Statec haten 2021 58,7 Prozent vun dëse Famille finanziell Schwieregkeeten an 38 Prozent waren der Aarmutsgrenz no.

Gefor fir d'sozial schwaach Schicht

Mir wëssen, datt den Undeel vu Fraen an Deelzäitaarbecht méi héich ass. Dës Fraen hu manner finanziell Ressourcen a bezuele manner fir hir zukünfteg Renten an, wéi zum Beispill am Care an Botzsecteur. Am Fall vun enger Trennung riskéiere si vill éischter an d'Aarmut ze falen.

Déi Gefor ass nach méi grouss, wann een aus enger sozial méi schwaacher Schicht kënnt, keng formal Qualifikatiounen huet, déi unerkannt ginn, rassiséiert ass, eng Behënnerung huet, a sou weider. Dat féiert dozou, datt vill Frae probéieren eng Trennung ze evitéieren, och wann dat heescht haislecher Gewalt ausgesat ze sinn.

Well dës Situatioun ganz dacks op immigréiert Fraen zoutrëfft, weisen d'ASTI, d'Passerell an Time for Equality, op déi méi grouss Vulnerabilitéit vun dëse Fraen hin, besonnesch déi, déi an enger administrativ irregulärer Situatioun sinn.

Intersektionell Diskriminéierung

Bréngen si de Courage op, dee Schratt ze maachen, fanne si net onbedéngt déi néideg Ënnerstëtzung. Si riskéieren aus dem Land verwisen ze ginn, wann d'Pabeieren net an der Rei sinn, an de Strukture fir Frae si laang Waardelëschten, esou datt si keen Daach iwwer dem Kapp hunn an eventuell riskéieren, datt hir Kanner placéiert ginn.

All Form vun Diskriminéierung ass natierlech inakzeptabel. Wat mir awer och berécksiichtege sollen,ass d'Gefor vun der intersektioneller Diskriminéierung, well déi potentiell Affer méi séier duerch all Sécherheetsnetz falen an dofir besonnesch geschützt musse ginn.

All Fra, a ganz besonnesch déi vulnerabel, sollte géint all Form vu physesch, psychesch a finanziell Gewalt geschützt ginn!

Andeems mir eng Logementspolitik bedreiwen, déi ee reellen Ënnerscheed mécht an all de Fraen an enger vulnerabeler Situatioun een Daach iwwer dem Kapp garantéiert, een Opwäerte vun de Loun- Aarbechtskonditioune vun de Fraen, besonnesch am Care-Secteur, an enger Regulariséierung vun de Fraen an enger administrativ irregulärer Situatioun, well si besonnesch vulnerabel sinn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.