D'AMMD wëllt fort vun der schwéierer Spidolsmedezin hin zu enger schlanker ambulanter Versuergung vum Patient, am léifsten a dezentrale Gruppepraxissen, déi onofhängeg vun de grousse Spideeler iwwerall uechter d'Land kéinten entstoen.
Dem Manktem un Dokteren entgéintwierken
Fir dëse Modell huet den Dokter Alain Schmit, President vun der AMMD, plädéiert. Et wier fir d'Dokteren och méi interessant an esou engem System ze schaffe wéi a schwéierfällege groussen Spidolsstrukturen: an deem Sënn wär eng Neiausriichtung vum System eng Mesure géint de Manktem un Dokteren, op deen eist Land zousteiert, sou den Dr. Schmit.
Mat engem Taux vun haut 2,35 Doktere pro 1.000 Awunner wier eng kritesch Grenz erreecht, warnt d'Dokteschgewerkschaft. Et bräicht een nei Dokteren, seet den Dr. Alain Schmit. "A mir mussen iergendwéi gescheit Modeller entwéckelen hei am Land, datt mir auslännesch Dokteren - dat kënnen och Lëtzebuerger sinn, mee déi am Ausland forméiert ginn - och heihinner unzéie kënnen." Dës Doktere missten de Prinzip vum Gesondheetssystem verstoen an agesinn, datt et sech lount an esou engem System ze schaffen.
Méi no um Patient
Fir de President vun der AMMD geet et net drëms fir datt d'Doktere am neie System méi géife verdéngen, mee "d'Iddi ass wierklech, datt mir eng gescheit an eng modern Medezin an Zukunft kënnen offréieren. An déi muss definitiv aus de Spideeler eraus. Deen Hospitalo-centrisme ass keen Zukunftsmodell."
Den Dokter Alain Schmit wëllt awer net soen, datt d'Fusiounen am Spidolssecteur an déi geplangt oder scho realiséiert Neibauten falsch wieren. Mee e wichtegen Deel géif feelen, an zwar "datt parallel zu enger gutt equipéierter Klinik och an Zukunft en ambulanten Zentrum gehéiert." Modern Medezin wier net nëmme modern well se nei wier, mee si géif och dozou féieren, datt de Patient méi confortabel behandelt kéint ginn. "An eben och no do, wou de Patient wunnt. An dat geet nëmme mat dezentrale Strukturen an net mat enger zentraliséierter Spidolsmedezin."