Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng präzis Applikatioun vum Strofrecht

LuxLeaks Prozess

Fir eng präzis Applikatioun vum Strofrecht

"Leit déi e beruffleche Secret violéieren an Donnéeë matgoe loossen, hunn eng Infraktioun begaangen", sou de François Prum, Bâtonnier vum Lëtzebuerger Barreau iwwer de LuxLeaks-Prozess. Sou laang Steieroptimiséierunge legal wieren, wier näischt schlecht drun. Hie begréisst awer, datt d'Finanzregulatioune méi streng ginn.

auto_stories

1 min

"D'Prozesser ginn nach ëmmer an de Geriichtssäll gefouert, an net um Trottoir", sou de François Prum, Bâtonnier vum Lëtzebuerger Barreau. Wann déi Ugekloten am LuxLeaks Prozess d'Beruffsgeheimnis verletzt hätten an Donnéeë matgoe gelooss hätten, da wier eng Sanktioun drop ze spriechen.

Den Droit pénal wier ee präzisen Droit an e misst präzis interpretéiert ginn. Am Finanzsecteur wier de Secret professionell absolut noutwenneg, soss wier net méi an deene Milieuen ze schaffen. Eng Steieroptimisatioun wier keng Infraktioun. An der Ëffentlechkeet géif déi Differenz dacks net gemaach ginn, beklot de François Prum.

Ee Merite vum LuxLeaks-Prozess wier, datt méi streng Finanzregulatioune géife kommen. "Déi Regele mussen awer iwwerall applizéiert ginn. Et gëtt ëmmer ganz séier op Lëtzebuerg gewisen." Lëtzebuerg misst a sengen Aen net onbedéngt eng Virreiderroll bei méi strenge Regulatioune spillen.

Der Press geheit de François Prum vir, d'Justiz an d'Magistraten ënner Drock ze setzen. Mat Scoopen an Hetz wéilt d'Press bei hirem Public besser ukommen.