D'lescht Woch gouf un d'Schléissung vun der leschter Lëtzebuerger Minn um Déifferdenger Thillebierg 1981 erënnert. Dat war d'Enn vun enger Aktivitéit, déi un der Wéi vum Räichtum vum moderne Lëtzebuerg steet.
Méiglech war dës industriell Produktioun, well et am Süde vum Grand-Duché, op sengem südwestleche Wutz, 3670 ha Terraine mat engem ganz wäertvolle Rostoff gouf: Eisenäerz, och Minett genannt. Déi apaart 3670 ha Réserve foncière hunn eist Land vun den 1850er bis zu den 1960er Jore räich gemaach.
De Groussdeel gëtt méi aarm, déi Räich gi méi räich
Dräi Etüden zu enger haiteger Réserve foncière, déi e Méindeg virgestallt goufen, weisen, datt haut am Contraire 3750 ha Land am gaangen sinn, e groussen Deel vun der Bevëlkerung net méi räich, mee méi aarm ze maachen.
Dëst éischtens well de Räichtum net méi ënner der Äerd läit a muss an engem kollektiven Effort ofgebaut ginn, mee well et de Buedem selwer, a Form vum Bauland, ass, deen déi nei Matière rare zu Lëtzebuerg duerstellt. Dëse Buedem befënnt sech des weideren a wéinegen Hänn, 0,5 Prozent - dat heescht 3.447 vun de 625.000 Awunner - gehéiert d'Hallschent vun dësen 3750 ha, also 1865 ha Bauterrain.
De Groussdeel gëtt also iwwer déi horrend Logementspräisser ëmmer méi aarm, fir datt dës 0,5 Prozent ëmmer méi räich kënne ginn. Besonnesch wichteg ass, datt dës Terrainen am aktuelle Bauperimeter vun de Gemenge sinn.
Noutstand Wunnen
Op der anerer Säit si mer op der Pressekonferenz vun de Ministeren Henri Kox a Claude Turmes gewuer ginn, datt méi wéi 100.000 Mënschen an eisem Land iwwer d'Hallschent vun hirem Akommes fir de Logement ausginn.
Dës Etüde vum Departement vun der Landesplanung, vum Observatoire vun der Raumentwécklung vum Logementsministère a vum Observatoire de l'Habitat ënnersträichen nämlech, datt virun allem d'Hausse vun den Terrainspräisser responsabel ass fir d'Präisexplosioun beim Logement (+17 Prozent tëscht 2019 an 2020).
Wat mer scho wossten hu mer elo schwaarz op wäiss: nieft dem Noutstand Covid19-Pandemie si mer mat engem nationalen Noutstand Wunne konfrontéiert. Deen Noutstand verlaangt eng rapid a radikal Äntwert net nëmme vun de Logements- a Landesplanungsministeren ,mee vun der ganzer Regierung a vum Parlament.
Steierlech Mesuren
Wat mer nieft duerchaus luewenswäerten Initiativen am Pacte Logement 2.0 a Saachen abordabele Wunnengsbau direkt brauchen, fir endlech op d'Präisentwécklung anzewierken, ass zum Beispill eng Tax op net bebautem Terrain, vergläichbar mat der Hausse vun der Joresvaleur vum Terrain, déi aktuell bei +8 Prozent läit.
Wat mer brauchen ass des weideren eng progressiv Grondsteier. An anere Wierder, iwwerhaapt keng Grondsteier fir deen, dee selwer op sengem Grond a Bueden wunnt, bis zu enger maximaler Grondsteier fir déi 0,5 Prozent, déi méi wéi 50 Ar an der Moyenne u Bauterrain aus Spekulatiounsgrënn zeréckbehalen.
Och muss et endlech Schluss si mat Steiererliichterunge fir Investitiounen am Immobiliëberäich. An der aktueller Situatioun steigeren déi Mesurë just Profitter am Immobiliësecteur op Käschten vun der Allgemengheet.
De Staat muss agräifen
1882 hunn d'Lëtzebuerger Regierung an d'Parlament mat der sougenannter Verhüttungsklausel dofir gesuergt, datt e gudden Deel vun eisem Minett sur place verschafft huet misse ginn, a Schmelzen op Lëtzebuerger Territoire. Si hunn esou den Ausverkaf vun nationale Ressource verhënnert.
Haut brauche mer eng Verhüttungs- alias Bebauungsklausel am Logement, eng dringend staatlech Reguléierung iwwer Steiergesetzer vun eisen nationale Ressourcen, an dësem Fall dem Bauland.
Wa Regierung a Parlament hei hir Verantwortung net endlech an energesch iwwerhuelen, verstoussen se géint ee vun de fundamentaalste Mënscherechter: d'Recht op gutt a bezuelbaart Wunnen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.