Trisomie 21 Fir eng wierklech Inclusioun
Et misst méi séier viru goe wat Inclusioun an der Schoul, am Aarbechtsliewen an am Wunnen ugeet, seet d'Martine Eischen. An de leschten 10 Joer hätt sech zu Lëtzebuerg zwar vill gedoe wat Akzeptanz vun der Trisomie 21 ugeet, mee dat wier net genuch, erkläert d'Presidentin vun der Asbl "Trisomie 21 Lëtzebuerg".

Si géif net verstoen, firwat d'Schoulen sech schwéier di mat der Inclusioun vu Kanner an der Regelschoul, trotz den Efforte vum Educatiounsministère.
Eng Schoul fir jiddereen
D'Asbl Trisomie 21 Lëtzebuerg fuerdert méi Efforten. Inclusioun géif alle Kanner eppes bréngen. Schoulklassen, wou Kanner mat Behënnerung scolariséiert sinn, funktionéieren anescht, seet d'Martine Eischen. Toleranz a Verständnis géife sech an inklusive Klasse besser developpéieren. A grad déi Sozialkompetenze bräicht d'Gesellschaft.
Méi betreit Wunnen
Et feelt u Wunnenge fir jonk behënnert Erwuessener. Och wat betreit Wunnen ugeet, géif et net séier genuch viru goen. D'Martine Eischen begréisst awer, datt déi grouss Foyeren op méi kleng Strukturen iwwerwiesselen. A betreite Wunngemeinschafte kënne behënnert Mënsche méi individuell liewen. "Do kënnen si déi Saache maachen, déi hinne gefalen".