Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir mech ass d'Offer dat Wichtegt"

Logement

"Fir mech ass d'Offer dat Wichtegt"

Wann de Staat 75 Prozent beim Bau vun enger Wunneng bäileet, da kann en och erwaarden, datt déi Wunneng während 40 Joer zu soziale Konditioune verlount gëtt, seet den Henri Kox. Den neie Logementsminister bleift domat bei der Decisioun vu senger Virgängerin, déi d'Lafzäit vun de Konventioune mat privaten, net-kommerzielle Promoteure vun 20 op 40 Joer eropgesat hat.

auto_stories

3 min

Den Henri Kox ass neie Logementsminister

De Kierchefong hat ze verstoe ginn, ënner deenen neien Ëmstänn kee soziale Wunnengsbau méi wëllen ze maachen. Den Henri Kox ass bereet iwwer manner laang Lafzäiten ze schwätzen, bei engem dann awer manner héije Subventiounstaux:

"Mir wäerten eis op der Semaine du Logement mat den Acteuren zesummesetzen. Et gi jo och Demanden, déi soen: Geet et net mat 30 Joer? Da musse mer iwwer de Prozentsaz schwätzen. Da musse mer iwwer eng Flexibiliséierung vun den Instrumenter diskutéieren."

Virun allem wéilt den Henri Kox objektiv an transparent Krittäre schafen.

Pact Logement 2.0

Den nächste Pacte Logement soll d'Gemenge virun allem incitéieren, abordabele Wunnraum ze schafen. Et soll och séchergestallt ginn, datt nëmmen do am Land Gemenge wuessen, wou et landesplaneresch Sënn mécht. An deem Sënn géif de Pacte Logement 2.0 sech vu sengem Virgänger ënnerscheeden, huet deen neie Logementsminister Henri Kox ënnerstrach.

Am éischte Pakt kruten d'Gemenge Suen, wann d'Awunnerzuel geklommen ass. Déi Sue si virun allem an Infrastrukture wéi Schoulen a Maison relaise gefloss, déi och gebraucht gi wann eng Uertschaft méi grouss gëtt. Et géifen awer nach aner Instrumenter a Fro kommen, seet den Henri Kox:

"Wann eng Gemeng wiisst, kritt se jo iwwer de Fond de dotation gehollef. De Pacte Logement 1.0 hat ech als deemolegen Deputéierte kritiséiert an deem Sënn, datt et éischter e Pacte d'infrastructures wier, an d'Zilsetzung net ganz kloer war. En huet nëmmen op Wuesstum opgebaut. Mir mengen awer, datt et wichteg ass, en op abordabele Wunnraum hin ze orientéieren, an och landesplaneresch Elementer mat eranzekréien: do wou et Sënn mécht, méi a méi ausgeweit ze bauen. An do wou et manner Sënn mécht, déi däerfe weiderhi bauen, awer an deem Mooss, wéi et an deem éischte Pakt u sech suggeréiert ginn ass, datt déi och nach honoréiert goufen."

Fir den Henri Kox wier dat net richteg gewiescht, an haut géif ee gesinn, datt et keen abordabele Wunnraum géif ginn - et léich een nach ëmmer bei 2,3 Prozent. "De Präis hu mer och net stabiliséiert, dat heescht déi Politik war eben - wéi virdru gesot - op d'Demande ausgeriicht. Fir mech ass awer d'Offer dat Wichtegt.", esou den nei Logementsminister.

"Ech hu Verantwortung ni gescheit"

Datt hien nach eemol an eng Regierung kéim, domat war net onbedéngt ze rechnen. Seng Carrière huet also eng onerwaart Kéier geholl. Den Henri Kox seet dozou, hien hätt d'Verantwortung ni gescheit, wier awer net Demandeur gewiescht, fir an d'Regierung ze kommen. Um Kongress vun der grénger Partei hätt hien eng Zoustëmmung vun iwwer 97 Prozent gehat.

"Dat wëllt jo net näischt heeschen. Ech mengen, si hu Vertrauen a meng Vergaangenheet, wat ech an deem Beräich scho geleescht hunn, an ech huelen déi Erausfuerderung ganz gären un."

Den Henri Kox gëtt zou, datt hien net domat gerechent hätt, fir nach eng Kéier an d'Regierung ze kommen. "Et muss een d'Ëmstänn awer och kucken, déi ganz traureg sinn, an dat zweemol hannereneen. An dat däerf ech och net vergiessen. An dat wëll ech och net vergiessen."

Sport ass fir den Henri Kox ëmmer wichteg gewiescht. Seng Triathloncarrière wëllt hien och net opginn:

"Dat ass deen Ausgläich, deen ech mir wëll ginn. Well de Sport ass och wéi d'Politik: et brauch een Ausdauer, insbesondere beim Triathlon. Triathlon huet och Héichten an Déiften ënnerwee, an déi huet een och an der Politik. An ech wëll dat bäibehalen. Dat ass en Ausgläich fir mäi Kierper. Awer och, ganz wichteg: d'Famill solle mir net vergiessen. An dat gehéiert derzou."