Fussball "Fir mech ass dat en neien Challenge"

De Mario Mutsch gëtt bei der Fussballfederatioun haaptverantwortlechen Trainer vun der U12 a Co-Trainer vun der U14. Dat annoncéiert de Lëtzebuerger Rekordnationalspiller, deen no sengem 101. Lännermatch e Schlussstréch ënner seng Carrière gezunn huet. Den 1. August fänkt säin Engagement bei der FLF un.

Maurice Molitor / cbi

Mario Mutsch
De Mario Mutsch ass mat 101 Lännerspiller Rekordnationalspiller fir Lëtzebuerg

Fir de Mario Mutsch fänkt domat "en neien Challenge" un, seet hien. Hien hätt de Fussball op héijem Niveau gesinn, den taktesche Beräich géif hie maitriséieren an e géif och e puer Saache wëssen, déi hien ëmsetze kéint.

Bei der FLF hätt hien och déi richteg Leit ronderëm sech, déi hie féiere kéinten a Feedback kënne ginn. "Fir méi e kompletten Trainer ze ginn ass dat - mengen ech - och wichteg, datt een ënnen ufänkt an Detailer trainéiert. Fir z'erkennen, wat ee brauch. An net nëmmen deen takteschen Aspekt", seet de Mario Mutsch.

"Mir sinn um gudde Wee"

De Lëtzebuerger Fussball hätt sech an de leschte Joren immens positiv weiderentwéckelt an et géif ee mierken, datt sech eppes opbaut. "Mir sinn um gudde Wee", seet de Mario Mutsch. Dës Verbesserunge wieren och e Resultat vun der Fussballschoul, sou de Mario Mutsch.

Et hätt Zäit gebraucht, mee d'Fussballschoul hätt sech entwéckelt. "D'Spiller sinn da méi an de Fokus komm, si ginn dann och bei aner Clibb an d'Ausland a ginn do weidergebilt. An déi Spiller, déi zu Lëtzebuerg bleiwen, hunn dann natierlech och eng gutt Qualitéit an der Fussballschoul", esou de fréiere Fussballprofi.

Jeff Saibene: De richtege Mann fir FC Ingolstadt

De Mario Mutsch hätt villes dem Jeff Saibene ze verdanken: säin éischte Profikontrakt zu Aarau, den Engagement herno beim FC Sankt-Gallen. Hie fënnt och, datt säi fréiere Fërderer mat der Decisioun, Trainer beim FC Ingolstadt ze ginn, e gudde Choix gemaach hätt:

"Ingolstadt ass fir mech e Veräin, dee ganz grouss Ambitiounen huet. De Jeff ass am Moment dee richtege Mann fir esou ee Veräin. Hien huet déi Erfarung, hien ass mat Sankt-Gallen eng Kéier opgestiegen, hie kennt sech mat där Situatioun aus, ech kennen hien och als Mënsch. Hien ass den Trainer fir Ingolstadt, fir si erëm eropzebréngen. Déi drëtt Liga ass an Däitschland eng professionell Liga. An ech mengen, de Jeff dee wäert dat maachen, a mat hinne klammen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Jeff Saibene
Fussball

De Lëtzebuerger Fussballtrainer Jeff Saibene iwwerhëlt den FC Ingolstadt. De Veräin ass d'lescht Saison vun der 2. däitscher Bundesliga an déi drëtt gefall. De Maurice Molitor huet sech mat him ënnerhal.

Jeff Saibene
Beléiftsten Trainer vun der zweeter Bundesliga

"Ech weess, datt d'Stëmmung séier ka kippen!" - seet de Jeff Saibene, deen an enger Internetëmfro zum beléiftsten Trainer vun der zweeter Bundesliga gewielt gouf.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen