Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat brauche mir d'UNO nach?

Fräie Mikro

Firwat brauche mir d'UNO nach?

Vill Leit stelle sech de Moment d'Fro, firwat mer d'UNO iwwerhaapt nach brauchen. Och dem UN-Generalsekretär António Guterres gouf se an der Press gestallt. D'Simone Beck setzt sech am Fräie Mikro mat sengen Äntwerten auserneen.

auto_stories

3 min

D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante. Foto: Archiv

Am Moment ass zu New York d'Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen, enger Organisatioun, déi am Aftermath vum 2. Weltkrich fir den Erhalt vu Fridden a Mënscherechter gegrënnt gouf.

Wa mer esou ronderëm eis kucken, ass hire Bilan dramatesch schlecht: Kricher, Ëmweltkatastrophen, Muechtmëssbrauch, Fraefeindlechkeet, Liewensmëttelkrisen, fir vu Klimawandel a massive soziale Grief net ze schwätzen.

En onséchere Sécherheetsrot

Ee vun de permanente Membere vun dem UNO-Sécherheetsrot - mat Veto-Recht - ass Russland, dat duerch den Ugrëff vun der Ukrain ganz eendeiteg géint d'UNO-Charta verstouss huet. Esou laang dee Sécherheetsrot esou opgestallt bleift wéi am Moment, ass kaum eng Chance op Fridden.

Den António Guterres, Generalsekretär vun der UNO, bedauert an engem Interview: "Leider ass d'UNO net an der Lag, dësem Krich en Enn ze maachen". An et ass dee Krich, deen - méi wéi warscheinlech - déi ganz Generalversammlung dominéiere wäert.

An net dat Theema, dat dem Generalsekretär no dat Wichtegst ass: de Klimawandel an säin Afloss op all Liewen op der Äerd. Allerdéngs - esou den Här Guterres an engem Zeit-Interview: "Multilateral Organisatiounen hunn an der Reegel keng Muecht".

E Plädoyer fir Multilateralismus

Dat ass richteg, stellt awer hire Sënn net a Fro. Wou, wann net do, kënne Vertrieder vun allen Natiounen a Richtunge matenaner schwätzen, matenaner streiden, Kompromësser fannen?

Dat ass allerdéngs schwiereg, esou laang jiddwereen seng national an/oder wirtschaftlech Interesse vertrëtt. Eréischt wa mer eis bewosst ginn, datt d'Mënschen alleguer en Deel vun - an net Meeschter iwwer - d'Äerd sinn, kënne mer an e Gespréich kommen, dat ons alleguerte weiderbréngt.

Den argentinesche Schrëftsteller Ernesto Sabato huet verlaangt: "Il nous faut des mondiologues". Leit, déi realiséieren, datt - wéi den Edgar Morin esou schéi seet - mer alleguerten op enger Terre-Patrie liewen, vun där mer e Stéck sinn an déi eis genee esou brauch, wéi mir si.

An dofir och brauche mer multilateral Organisatioune wéi d'UNO: si sinn onverzichtbar, well mer ëmmer nees mussen am Gespréich bleiwen, well si eng Plattform si fir Länner, déi soss kaum gehéiert ginn, well si géigesäiteg Hëllef erméiglechen an ons virun Aen halen, wéi wichteg Zesummenaarbecht an Austausch sinn, och wann een heiansdo mengt, mir géifen op der Plaz trëppelen.

Opginn ass ni eng Léisung, ausser an engem Krich, well "War never shows who is right, just who is left".


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.