Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat Google ongedëlleg gëtt

Datacenter zu Biissen

Firwat Google ongedëlleg gëtt

Et goufen zu Biissen zwee verschidde Projeten, fir de Bau vun engem Datacenter vu Google. De Site, dee Google Mëtt Juli proposéiert krut, ass eréischt ganz rezent op den Dësch komm. Hannergrënn iwwer en Dossier, an deem op eemol alles huet misse ganz séier goen.

auto_stories

3 min

Den éischte Projet war e Site zu Biissen bei der Molkerei a beim Netzoperateur Creos. Et gouf laang dru geschafft. Mat engem vun de Proprietairë vu concernéierten Terraine ass et eng Zäit laang Hin an Hier gaangen. Eréischt "virun zwee Méint" huet de Bauer 100,7-Informatiounen no säin definitive Veto ageluecht. De Bauer hätt fir den Datacenter misse säin Haff opginn a plënneren. Um Enn wier et e prinzipiellen Nee gewiescht, heescht et.

Neie Site gesicht

Ongeféier am Mee also, nom Echec vun deem Dossier, steet d'Lëtzebuerger Säit mam Fanger am Mond do. Et ginn zu Lëtzebuerg wéineg Sitten, déi fir en Datacenter vun esou enger riseger Envergure a Fro kommen. Google wëllt 30 Hektar. Kruzial fir esou en Datacenter ass virun allem och d'Ubannung un de Glasfaser-Reseau an un den industrielle Stroum-Reseau. Béides ass zu Biissen de Fall.

Nom Echec vum éischte Projet zu Biissen sicht d'Lëtzebuerger Säit also no enger Alternativ, a fënnt déi - och an der Gemeng Biissen: Um Rouscht, un der nërdlecher Grenz vun der Industriezone Klengbusbierg. Op där Plaz kéinte bis zu 33 Hektar aus der Gréngzon als Industriezone ëmklasséiert ginn.

Dräi Woche fir z'iwwerzeegen

Enn Juni, Ufank Juli ginn d'Proprietairë kontaktéiert. Séier gëtt kloer, datt vill Proprietairë bereet sinn ze verkafen. Aktiv Bauere kréien nieft dem Kafpräis Lännereien an der Regioun proposéiert, fir do hire landwirtschaftlechen Aktivitéite weider nozegoen. Genee sou séier gëtt kloer, datt d'Proprietéitsverhältnisser bei engem Bauer méi schwiereg ginn. Een Terrain vun eppes méi wéi fënnef Hektar ass zënter Joren an enger Indivisioun: D'Situatioun an der Famill ass net gekläert. Zwee vun dräi Ierwe wëlle verkafen, een net.

De 6. Juli mellt de radio 100,7, datt Google dee gréissten Datacenter am Land baue wëllt. D'Regierung geréit doduerch ënner Zuchzwang, well den Dossier ass nach net prett. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen d'Arrivée vu Google selwer am Dezember 2016 op Twitter ugedeit hat, erhéicht den Drock. Hie schwätzt vun engem Ultimatum, dee Google bis Mëtt Juli gesat hätt.

De Problem: Verschidde Proprietairen hu mëndlech fir de Verkaf vun hiren Terrainen zougesot, awer nach net ënnerschriwwen. D'Situatioun vum Bauer, deen net verkafe wëllt, ass och nach net gekläert.

Zäitdrock

De Freideg, de 14. Juli, virum Enn vum "Ultimatum", steet den Dossier am ëffentlechen Interessi. Et gesäit een Ament gutt aus: Am Nomëtteg soll eng Reunioun si mam Affekot vum Bauer, deen net verkafe wëllt. Verschidde Sourcë mengen, déi lescht Blockade géif dann opgehuewe ginn, an de Lëtzebuerger Vertrieder a Kalifornien kéint Google den Dossier an den Delaie presentéieren. Wéi d'Reunioun mam Affekot du stënterlech ofgesot gëtt, ginn der vill sech bewosst, datt een a Kalifornien kee fäerdegen Dossier presentéiere kann. Den Dossier gëtt wuel an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg agereecht, mä Google gëtt sech domat net zefridden, well d'Lëtzebuerger Säit huet hir Hausaufgaben net fäerdeg.

Den Direkter vum Office National de Remembrement, dee gutt informéierte Sourcen no vun der Regierung domat chargéiert gouf, mat de Baueren ze verhandelen, muss also weider no Léisunge sichen. Dat muss allerdéngs séier geschéien, esou d'Observateuren. Well Google kéint och decidéieren, den Datacenter fir de Groussraum Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland anzwuersch anescht ze bauen.


Firwat Google ongedëlleg gëttplay_arrow