Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat hat Luxaviation eng Filial op der Isle of Man?

Paradise Papers

Firwat hat Luxaviation eng Filial op der Isle of Man?

De Lëtzebuerger Fligeroperateur Luxaviation hat bis Enn Juli dëst Joer eng Filial op der Isle of Man. De Steierparadäis am iresche Mier ass elo wéinst de Paradise Papers an d'Gespréich komm. Ënnert anerem Besëtzer vu Privatjets hunn d'Isle of Man genotzt, fir eng geschäftlech Aktivitéit virzetäuschen an esou laanscht d'TVA an der Europäescher Unioun ze kommen. Mat der TVA hätt d'Filial Luxlegacy Ventures Limited näischt ze dinn, seet de CEO vu Luxaviation, dat an de Paradise Papers bis elo net zitéiert ginn ass.

auto_stories

3 min

Mat Hëllef vum Affekotebüro Appleby an der Auditgesellschaft Ernst and Young huet sech de britesche Formel 1 Pilot Lewis Hamilton ee Firmegeflecht opgebaut, dat et him erlaabt huet, véier Milliounen Euro TVA ze spueren. Den Hamilton huet sech säin aus Kanada importéierten Jet souzesoe selwer geleast, wat en - méi oder manner legal - als Geschäftsaktivitéit konnt verbuchen, op déi keng TVA brauch bezuelt ze ginn.

Déi franséisch Dageszeitung Le Monde an och d'France 2-Sendung Cash Investigation, déi alle béid d'Paradise Papers ausgewäert hunn, hu sech och mam Fall vum franséische Fligers-Konstrukteur Dassault beschäftegt. Dassault hätt no engem ähnleche Schema Cliente wéi beispillsweis de russesche Milliardär Oleg Tinkoff gehollef, d'TVA um Kaf vun Jets vum Typ Falcon z'ëmgoen.

Filial op der Isle of Man

De Lëtzebuerger Privat-Jet-Operateur Luxaviation, mëttlerweil ee vun de gréissten am Secteur, flitt ënnert anerem mat Maschinne vum Grupp Dassault. Virun allem hat Luxaviation bis viru Kuerzem eng Filial op der Isle of Man. D'Gesellschaft Luxlegacy Ventures Limited war hirersäits d'Mammegesellschaft vun der Legacy Aviation S.à.r.l., déi sech - dem Mémorial no - ënnert anerem ëm de Kaf, Verkaf a Leasing vu Fligere bekëmmert huet. Dës Lëtzebuerger Gesellschaft gehéiert zënter Februar 2011 dem Grupp Luxaviation.

D'Mammegesellschaft op der Isle of Man wier awer net vu Luxaviation gegrënnt ginn, mä vum Besëtzer vun engem Fliger, mat deem Luxaviation operéiert hat, seet op Nofro hin de Patrick Hansen, CEO vu Luxaviation.

De Fliger wier ee Legacy 600 vun der Firma Embraer gewiescht, Immatrikulatioun LX-NVB. Fir dee Fliger ze bedreiwe wier deemools d'Lëtzebuerger S.à.r.l. gegrënnt ginn. Aus dem Mémorial geet ervir, datt am Joer 2008 dës Gesellschaft ënnert dem Numm YEP Aviation S.à.r.l.an d'Liewe geruff gi war. An zwar vum russesche Geschäftsmann Nikolay Bogatchev, dee se am Ufank och zesumme mam Patrick Hansen geréiert hat.

Géigeleeschtung fir oppe Rechnungen

Jore méi spéit dann, als Géigeleeschtung fir nach oppe Rechnungen, hätt Luxaviation d'Aktie vun der Gesellschaft op der Isle of Man iwwerholl, sou de Patrick Hansen. D'lescht Joer wier de Privat-Jet, dee vun der Spuerkeess finanzéiert gi wier, nees verkaf ginn. D'Gesellschaft hätt duerno keen Zweck méi gehat, a fir Suen ze spueren, wier se opgeléist ginn, erkläert de CEO vu Luxaviation. Dat war den 31. Juli dëst Joer.

Ee Mount virdrun ass op der Insel en neit Gesetz a Kraaft getrueden, duerch dat den tatsächlechen Notznéisser vun enger Gesellschaft muss genannt ginn, bis dohi waren déi vun enger Fiduciaire gestallten Administrateuren duergaangen. D'Opléise vu senger Gesellschaft hätt domat näischt ze dinn, sou de Patrick Hansen.


Lauschterenplay_arrow