Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat sinn d'Spritpräisser esou staark geklommen?

Faktencheck

Firwat sinn d'Spritpräisser esou staark geklommen?

Wéi kann et sinn, datt d'Sprit-Präisser op der Pompel am Mäerz 2022 vill méi héich sinn wéi am Juni 2008, obschonn de Barrel Pëtrol deemools zéng Dollar méi deier war wéi en elo ass?

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

An de leschten Deeg gouf virun allem op de soziale Reseauen d'Fro opgeworf, firwat d'Spritpräisser sou extreem geklomme sinn. Dacks gouf d'Regierung a virun allem de gréngen Deel dovun responsabel gemaach. Dat ass awer net richteg.

Ween de leschte Freideg tanke goung, huet fir ee Liter Diesel de Rekordpräis vun 2,11 Euro bezuelt. Domat war den Diesel dee Moment 90 Cent méi deier wéi am Juni 2008. Obschonn de Barrel - dat ass d'Unitéit, an där de réie Pëtrol op de Mäert gehandelt gëtt - haut an Dollare méi bëlleg ass wéi en deemools war.

Viru 14 Joer war déi europäesch Wärung am Verglach mat där amerikanescher méi staark wéi haut: déi 139 Dollar, déi de Barrel deemools kascht huet, hu ronn 90 Euro entsprach. Beim aktuelle Barrel-Präis vun 129 Dollar kënnt een ëmgerechent mam Cours vun haut op 118,5 Euro. Also ronn 30 Prozent méi.

Maartmechanismen an den Afloss vum Krich an der Ukrain

Mee et spillen nach aner Elementer mat wéi just de Basis-Präis vum réie Pëtrol. Nämlech déi normal Mechanisme vum Marché. Déi erklären iwwregens och, firwat d'Hausse beim Diesel méi héich ausfält wéi beim Bensinn. Den Nordweste vun Europa produzéiert, a senge Raffinerien, nämlech méi Bensinn wéi e selwer braucht, de Rescht gëtt exportéiert. Beim Diesel ass et ëmgedréint: däers muss importéiert ginn, ronn 20 Prozent vun deem wat hei gebraucht gëtt. A vun deenen 20 Prozent koum bis elo ronn d'Hallschent aus Russland. Eenzel Pëtrolskonzerner refuséiere jo awer sech zënter dem Krich nach a Russland approvisionéieren ze goen. Konsequenz: et feelt Diesel um Marché. An déi Quantitéiten, déi anerwäerts akaaft gi fir d'Lach an der Offer ze stoppen, si méi deier. Och dat deet de Präis klammen.

D'Roll vun der TVA, den Accisen a vun der CO2-Steier

D'TVA mécht ëmmer 17 Prozent vum aktuelle Spritpräis aus. A wann dee Präis klëmmt, geet och de Montant vun der TVA an d'Luucht. Mee d'Accisen an d'CO2-Steier si fix Beträg, déi also onofhängeg vum grad aktuelle Bensinnspräis ëmmer identesch bleiwen.

D'Tankstelle profitéieren net vun de Präishaussen

Wee mengt, d'Pompiste géife sech am Moment eng gëllen Nues verdéngen, dee läit falsch. Well och hir Marge ass e fixe Betrag vum Spritpräis - zéng Cent ronn pro Liter, dee verkaaft gëtt. Wa Bensinn an Diesel also deier sinn, an d'Leit dofir vläicht net sou dacks - a wann, dann net sou vill - tanke ginn wéi soss, da verdéngen d'Besinsstatioune souguer éischter manner wéi an Zäiten an deenen de Besinn an Diesel méi bëlleg sinn. Well de Volume, dee verkaaft gëtt méi kleng ass. A well dofir, ënnert dem Stréch, manner fir de Pompist erausspréngt.

D'Psychologie spillt eng grouss Roll op nervöse Marchéen

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg ass den Diesel op ee Coup nees 40 Cent de Liter méi bëlleg ginn. Musse mer eis un déi staark Präisschwankunge gewinnen?

Et ass momentan schwéier heiriwwer eng Ausso ze maachen. Déi grouss Variatioune weise just wéi nervös de Pëtrolsmarché am Moment ass. All kleng Decisioun, déi geholl gëtt, all kleng Ausso vun engem wichtegen Acteur ka grouss Konsequenzen hunn. D'Psychologie spillt a Saache Spritpräisser am Moment wuel op d'mannst esou eng grouss Roll wéi de Barrel-Präis.