Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat sozial Hëllefen oft net ugefrot ginn

Etüd iwwer den Non-Recours

Firwat sozial Hëllefen oft net ugefrot ginn

"Mir hunn all déi Hëllefen, mee et freet kee se un." Dee Feedback krut d'Caritas - hirer politescher Spriecherin Carole Reckinger no - rezent aus den Office-sociallen am Land. Mam Problem, datt Leit sozial Hëllefen net ufroen, obwuel se eigentlech eligibel sinn, beschäftegt sech aktuell och de Statec am Optrag vun der Chambre des Salariés. Mee d'Ausschaffe vun der Etude iwwer de sougenannten Non-Recours stellt d'Statistik-Institut och virun Erausfuerderungen.

auto_stories

2 min

Vill Leit froe keng sozial Hëllefen un obwuel si eligibel sinn. (Foto: nito / Bigstock)

Lauschterenplay_arrow


D'Etüd déi de Moment leeft huet d'Zil ze verstoen, firwat betraffe Persoune bestëmmten oder guer keng Hëllefen ufroen, obwuel se méiglecherweis Urecht drop hätten.

Eng qualitativ Etüd

An Eenzelgespréicher gëtt mat de Leit iwwer hire Parcours an hir Grënn geschwat. Mee et ass och net esou einfach, Participanten ze fannen. D'Anne Franziskus, Responsabel fir d'Etüd um Statec, erkläert:

"Wat lo hei den Challenge bei der Saach ass: Datt mir ebe virun allem Leit sichen, déi nach keng Hëllef an Usproch huelen, an déi dat villäicht guer net wëssen, well se villäicht guer net wëssen, datt se eligibel sinn."

Wa Leit sech keng Hëllef ufroen, well si net wëssen, datt si eligibel sinn, da wier et och warscheinlech, datt si sech net vun dëser Enquête ugeschwat fillen. D'Anne Franziskus ënnersträicht awer, datt een op verschidde Weeër probéiert, deenen Erausfuerderungen entgéint ze kommen.

"Et gouf een Expertegrupp mat Vertrieder vu verschiddenen Organisatioune gemaach, déi am Beräich vun der Aarmut zu Lëtzebuerg schaffen: Croix rouge, Caritas an och Vertrieder vun den Office-sociallen."

Digitaliséierung als méigleche Problem

Et gëtt schonn eng Rei änlech Etüden am Ausland. D'Anne Franziskus rechent hei zu Lëtzebuerg mat änleche Resultater, nämlech, datt déi Betraffen deelweis net Bescheed wëssen, datt si mat den Demarchen net eens ginn. Oder si wéilten och net agestoen, datt si iwwerhaapt op Hëllef ugewise sinn. Dobäi kommen awer nach aner Facteuren, seet d'Anne Franziskus.

"Digitaliséierung: Also et kann ee jo lo och zu Lëtzebuerg eng Rei Aide schonn iwwer My-Guichet ufroen. Oder eben iwwer Online-Formulairen. An et ass een der Meenung, datt dat eben d'Saach vereinfacht. Mee net all Mënsch huet déi digital Kompetenz fir déi Saachen duerchzeféieren."

Aktuell ginn nach Leit fir d'Enquête gesicht. Bis Abrëll wéilt een déi awer ofgeschloss hunn, fir nach dëst Joer Resultater ze publizéieren, erkläert d'Anne Franziskus.