Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat verléiert ee säin Daach iwwer dem Kapp?

Soziales

Firwat verléiert ee säin Daach iwwer dem Kapp?

D'ASBL Accueil et solidarité vun der Caritas huet de leschte Mëttwoch, um internationalen Dag vun de Sans-abrisen, eng "malette pédagogique" virgestallt. Lycéesschüler am ganze Land sollen unhand vun deem Instrument op d'Problematik vun der Wunnengslosegkeet opmierksam gemaach ginn.

auto_stories

3 min

Opklärungsaktioun vun der Caritas

Ënnert dem Slogan "Wierdeg Wunnen" leeft d'Aktioun vun der Caritas. "Et geet drëms, Verstees-de-mech ze gewannen, wéi Mënschen an eng Situatioun vun Obdachlosegkeet a Wunnengslosegkeet kommen. Fir dann och géint Viruerteeler a Stigmae virzegoen", erkläert de Charel Schmit, President vun der ASBL Accueil et solidarité vun der Caritas. Den Zougank zur Problematik vun de Sans abrise geschitt hei net mat Zuelen, mee iwwer de Wee vun individuelle Biografien, Fallbeispiller vu verschiddene Generatiounen, vu verschiddene Geschlechter.

"Donieft gëtt versicht, ëmmer auszegoe vun den normale Besoinen, déi e Mënsch huet - vun Hygiène bis hin zu Selbstverwierklechung -, fir dat en parallèle ze maachen zu deene Persounen, déi eben net d'Méiglechkeet hunn, an enger fester Wunneng ze sinn." D'Duerstellung vun den Ursaache vun der Wunnengslosegkeet ass net neutral. Läit d'Responsabilitéit éischter beim Individuum oder beim sozio-ekonomesche System? Nieft den individuelle Parcourse gëtt - an der Opklärungsdemarche vun der Caritas - d'System-Fro gestallt, och wa se net prioritär ass, sou de Charel Schmit:

"Dee makroekonomeschen Zougank ergëtt sech zwangsleefeg an der Diskussioun, wann ee vun deem individuelle Bléck fortkënnt. An doduerch, datt ee sech domat befaasst huet, an och geléiert huet, datt et keng Fro ass vu Scholdzouweisung mee vu Verstoen, wéi et zu bestëmmte Liewensweeër kënnt. An da mécht een och déi Reflexioun, datt et och mat Strukturen an eiser Gesellschaft ze dinn huet, déi maachen, déi begënschtegen, datt Leit tëschent d'Rieder geroden."

Viruerteeler géint Sans abrisen ofbauen

Ginn déi Jonk dann och dozou motivéiert, selwer aktiv ze ginn? "Dacks ass dat eppes, wat eréischt eng Zäit duerno seng Friichten dréit", sou de Charel Schmit. "Eis geet et elo net drëm, fir séier Benevoller ze rekrutéieren, déi mir natierlech och dréngend an de Strukture vun der Wunnengslosenhëllef brauchen."

D'Aktioun vun der Caritas weist, datt et e Besoin un Opklärung iwwer d'Wunnengslosegkeet gëtt. Viruerteeler iwwer Sans abrise ginn an der Gesellschaft net ëmmer kloer an däitlech ausgedréckt, dann awer méi dacks op de soziale Netzwierker, seet de Charel Schmit:

"Et ass eigentlech positiv, datt mir am politeschen Debat, am ëffentlechen Debat zu Lëtzebuerg an de leschte Wochen net festgestallt hunn, datt op déi Persounegrupp massiv géif mobiliséiert ginn. Am Géigendeel. Ech mengen, et gëtt partei-iwwergräifend eng grouss Sensibilitéit fir déi Persounegrupp. An et ass och eng Noutwennegkeet, datt all d'Acteuren an der Wunnengslosenhëllef kënne weiderschaffen an nei Léisungen ausschaffen."

Keng Wahlrecommandatioun

Beim Thema vun der Wunnengslosegkeet wëllt d'Caritas, opgrond vun hirer Analys vun de Wahlprogrammer, keng Wahlrecommandatioun maachen. Et wéilt een déi nächst Koalitioun an där hire Programm ofwaarden. Wat net heescht, datt ee keng Erwaardungen un d'Parteien hätt, besonnesch wat de Logement betrëfft:

"An der Debatt vun de leschte Wochen huet ee festgestallt, datt et eigentlech ee kollektiivt Versoen op ville Pläng ass. Da misst doraus elo ee Konsens entstoen, fir eng kollektiv Mobiliséierung an där Thematik. An och fir datt eng kollektiv Verantwortung gedroe gëtt op allen Niveauen. Dofir ass et eng vun den Iwwerleeunge vun der Caritas, fir eng kommunal Quot vu 15 Prozent u Sozialwunnengen anzeféieren."

De Moment sinn emol keng Statistiken disponibel iwwer d'Zuel vu soziale Wunnengen, déi existéiere respektiv an der Planung sinn, bedauert de President vun der ASBL Accueil et solidarité vun der Caritas. Schonn eleng dat géif weisen, datt de Sujet net déi néideg Prioritéit huet.