Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bleift de Cash an der Täsch?

Geldpolitik

Bleift de Cash an der Täsch?

De 500-Euro-Schäi gëtt ofgeschaaft. Offizielle Grond ass d'Lutte géint d'Kriminalitéit. A Wierklechkeet soll de Gebrauch vu Boergeld allgemeng ageschränkt ginn, soe Kritiker. Mee déi Meenung deelt net jiddereen.

auto_stories

5 min

Vill Leit haten nach ni e 500-Euro-Schäin am Grapp, an awer si relativ vill 500ter am Ëmlaf. D'Statistike vun der Lëtzebuerger Zentralbank weisen: Vun de siwen Zorten Euro-Schäiner déi et gëtt, vum 5ter bis de 500ter, waren Enn 2016 am Ganzen 20,22 Milliarden eenzel Billjeten am Ëmlaf, mat engem Gesamtwäert vun 1.126 Milliarden Euro. Bal ee Véierel vun deem Wäert kënnt vun de 500ter Schäiner, därer Enn 2016 eng 540 Milliounen an Ëmlaf waren.

Intressante Fakt: Déi Lëtzebuerger Zentralbank huet besonnesch vill där 500-Euro-Schäiner an Ëmlaf bruecht. Dat misst een "am generelle Kontext vun der Lëtzebuerger Wirtschaft" gesinn, seet de Serge Kolb, Conseiller général bei der BCL. "Déi Lëtzebuerger Ekonomie ass ganz oppen no baussen an huet een internationale Finanzsecteur mat enger Envergure, déi vill méi héich ass, wéi an anere Länner", sou seng Erklärung. Een aner wichtege Facteur wieren d'Frontalieren, déi sech och hei zu Lëtzebuerg mat Billjete géifen alimentéieren.

Et gi keng 500ter méi produzéiert

Mee d'Zuel vun de 500ter ass am gaangen ofzehuelen. An dat aus guddem Grond. Am Mee zejoert huet d'Europäesch Zentralbank decidéiert, keng nei 500-Schäiner méi ze produzéieren. Déi, déi scho produzéiert goufen, sollen nach bis Enn 2018 an Ëmlaf bruecht ginn, An da soll Schluss sinn. Den Zweck - deen eenzegen Zweck - dovunner, seet den Serge Kolb, wier d'Lutte géint d'Kriminalitéit. "Et gëtt eng Verbindung tëscht dem Usage vum 500ter a gewësse kriminellen Aktivitéiten. Et geet ëm Blanchiment, Drogenhandel, Waffenhandel, Steierhannerzéiung". D'Police hätt der Europäescher Zentralbank nogeluecht fir matzehëllefen, géint esou Aktivitéiten eppes z'ënnerhuelen.

Wéi efficace d'Ofschafe vum 500-Euro-Schäin tatsächlech fir d'Kriminalitéitsbekämpfung wäert sinn, bleift ofzewaarden. Well och déi nei, digital Transfert- a Bezuelungsappen a Systemer kënne fir kriminell Aktivitéite gebraucht ginn. Dat mengt jiddefalls den LSAP Deputéierte Franz Fayot: "Och Bitcoins an aner virtuell Währunge kann ee gutt benotzen, fir illegal Aktivitéiten ze finanzéieren".

Kriminalitéit net deen eenzege Grond fir d'Ofschafen

Den Andreas Irmen, Professer fir Makro-Ekonomie op der Uni Lëtzebuerg, ass skeptesch: D'Lutte géint d'Kriminalitéit, also den offizielle Grond fir d'Ofschafe vum 500-Euro-Schäin, wier nëmmen, "d’Verkaafsargument", seet hien. Do géif et nach ganz aner Grënn ginn: "Et gëtt versicht, d'Transaktioune mat Boergeld ze reduzéieren, fir ze verhënneren, datt Boergeld vu Banken ofgezu gëtt. Besonnesch wann d'Zënse bei Null leien, oder an den negative Beräich falen".

Sou hätt d'Zentralbank d'Méiglechkeet, negativ Zënse vun hire Banken ofzezéien, an d'Banke kéinten déi negativ Zënsen op hir Clienten iwwerdroen. "Domat gëtt et fir d'Clienten deier, fir Geld bei de Banken ze halen a si kréien een Ureiz fir ze konsuméieren an also de Wirtschaftswuesstem ze fërderen an d'Deflatioun ze bekämpfen", erkläert den Andreas Irmen.

Irmen: Banken hunn hir Fraisen eropgesat

D'Banke bezuelen den Ament 0,4 Prozent negativ oder Strof-Zënse fir Boergeld, wat si bei der EZB deposéieren. Vill Banken halen de Cash dofir léiwer bei sech, wann se d'Plaz derfir hunn. A wa se negativ Zënse bezuelen, géifen se déi Käschten och weider un d'privat Cliente ginn, seet de Wirtschaftsprofesser Andreas Irmen. "Amplaz den Zënssaz ënner null ze setzen, hunn d'Banken hir Fraisen eropgesat", sou seng Analys.

De Marc Wagener, Direkter fir Affaires économiques bei der Chambre de commerce nuancéiert d'Politik an d'Konsequenze vun den niddregen a negativen Zënsen. Wëll déi niddreg Inflatioun - Haaptgrond fir déi niddreg Zënsen - wier am gaangen nees ze klammen. "Soubal d'Inflatioun erëm op 1,5 bis 2 Prozent ass, wäert déi Geldpolitik do progressiv zréckgefouert ginn".

Eng Tendenz zu manner Boergeld?

D'Ofschafe vum 500-Euro-Schäin huet och eng symbolesch Wierkung - a gëtt interpretéiert als Zeeche vun enger allgemenger Tendenz zu manner Boergeld, an ëmmer méi digitale Bezuelungsmethoden. Et ass Tendenz, déi wéinst technologeschen Entwécklunge scho bal inevitabel schéngt. De Professer Andreas Irmen mengt, datt fir d'éischt déi grouss Schäiner ofgeschaaft ginn, déi kleng géife bestoe bleiwen, fir déi kleng Transaktiounen ofzewéckelen. "Et ass um Enn eng Fro vun der Politik an dem gesamtgesellschaftleche Konsens", sou de Professer.

An de Länner, déi den Euro hunn, géif et den Ament awer keng politesch Efforten, fir d'Boergeld ofzeschafen, mengt de Serge Kolb vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Dofir géif et déi Beweegung awer an anere Länner ginn. "A Schweden zum Beispill gëtt vun ëffentlecher Säit eng Promotioun vun den elektronesche Bezuelméiglechkeete gemaach. Eppes Ähnleches gesäit een och an Dänemark. Mee souwäit ech dat gesinn, ass dat keng offiziell Politik an de Länner vun der Eurozon an et ass och nullement eng hei zu Lëtzebuerg", sou de Serge Kolb.

Cash-Limitten: Identitéitskontroll vu 15.000 Euro un

Dat kéint sech awer änneren. Och d'Aféiere vu Cash-Limitten, fir ze bezuelen, ass e Moyen, fir déi digital Payementer ze favoriséieren. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et keng am Prinzip esou Limite - obwuel d'Commercante vu Bezuelunge vu 15.000 Euro u gezwonge sinn, ënner anerem d'Identitéit vum Client ze kontrolléieren. An der Belsch par konter sinn d'Boer-Bezuelungen op 3.000 Euro limitéiert an a Frankräich, fir Residenten, esouguer op 1.000 Euro.

Datt déi digital Bezuelungsmethode praktesch Avantagë vis a vis dem Boergeld kënnen hunn - domat ass de Pascal Koenen vum Lëtzebuerger Konsumenteschutz d'Accord. Als Desavantage a Gefore gesäit hien awer eng Zort Entfriemung vis-à-vis vun de Suen - bei engem Billjee kéint e besser novollzéien, wat e Wäert ass. Doriwwer eraus mécht hie sech Suergen ëm de Schutz vun der Privatsphär. "Wann nëmmen nach elektronesch bezuelt gëtt, da bleift bei all Bezuelung eng Trace, an do kann et zu engem Datemëssbrauch kommen", sou de Pascal Koenen.

Méi Kontrollen néideg

Nei digital Bezuelungsystemer erfuerderen och nei Kontroll-Mechanismen. Déi nei europäesch anti-Blanchiment-Direktive, un där nach geschafft gëtt, gesäit zum Beispill och Mesurë fir d'Kontroll vun de sougenannte Bitcoins vir. Den LSAP Deputéierte Franz Fayot mengt, et misst ee sech schonn déi néideg Moyene ginn, fir géint Kriminalitéit an Terrorismus-Finanzéierung virzegoen. Op där aner Säit gesäit hien och de Risiko vum "gliesene Bierger". "Dat numerescht Europa an effizienten Dateschutz ginn net gutt mateneen. Do muss een en Equiliber fannen".

Och an deem Kontext huet d’Boergeld fir vill Leit also nach ëmmer deen net negligabele Virdeel vun der Anonymitéit. An de Cash an der Täsch bleift e Symbol vun enger gewëssener Fräiheet, déi op d'mannst kuerz- a mëttelfristeg, wuel net esou séier wäert verschwannen.