Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fixerstuff zu Esch vum September un operationell

Drogekonsumraum

Fixerstuff zu Esch vum September un operationell

D'Fixerstuff zu Esch soll net wéi geplangt am Juni hir Dieren opmaachen. D'Aweiung soll Enn Juli sinn, vu September u soll d'Fixerstuff dann operationell sinn. Dat sot den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo op Nofro hin.

auto_stories

3 min

D'Fixerstuff hätt scho sollen Enn d'lescht Joer hir Dieren opmaachen. Deemools gouf et eng Verzögerung wéinst enger Reklamatioun bei der Ausschreiwung, esou de Georges Mischo am November d'lescht Joer am 100,7-Interview. Dofir hätt den Dossier nach eng Kéier missten op de Leescht geholl ginn.

D'Fixerstuff an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch soll net wéi geplangt am Juni hir Dieren opmaachen. D'Aweiung soll de 25. Juli sinn - vun Ufank September u soll d'Fixerstuff dann operationell sinn. Dat sot den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo op Nofro hin. Grond fir de Retard wier op en Neits eng Reklamatioun an der Bau-Prozedur.

Aus dem selwechte Grond gouf d'Ouverture vun der Fixerstuff schonn eng Kéier verréckelt. Se hätt nämlech schonn Enn d'lescht Joer sollen hir Dieren opmaachen. Ufank September soll et dann awer elo sou wäit sinn, seet de Georges Mischo. Wéini genee déi Responsabel vum Ministère a vun der Jugend- an Drogenhëllef d'Struktur offiziell géifen opmaachen, misste si selwer entscheeden. "Mee t'ass net, datt d'Gemeng elo seet "hei mir waarden elo gären nach zwou oder dräi Woche méi laang."

Raimlechkeeten an der Lëtzebuerger Strooss

Tëscht aacht an zéng Persoune vun der Jugend an Drogenhëllef sollen an der Fixerstuff zu Esch schaffen. D'Raimlechkeete befanne sech souwuel an engem Haus an der Lëtzebuerger Strooss, wéi och an enger Container-Struktur hannert dem Haus, sou den Escher Buergermeeschter.

"D'Haus an der Lëtzebuerger Strooss ass jo geduecht, fir datt d'Drogenofhängeger och emol kënnen eng roueg Nuecht an enger Couche sëtze mat den Educateuren, mat deene Leit vun der Jugend an Drogenhëllef, mat hinne mol ee Gespréich kënne féieren, sech kënnen austauschen, eventuell hir Problemer, hir Suergen hinne kënne matdeelen. An hannen am Containerbau, deen hannert dem Haus ass, ass am Fong geholl virgesinn, datt si do hir Sprëtzen éischtens emol entsuergen, neier kréien, sech kënnen ee Schoss setzen. Natierlech an hygienesche Verhältnisser.

Virraussichtlech keng mobil Strukur fir de Süden?

Nieft der fixer Struktur zu Esch hätt de Georges Mischo awer Uganks d'lescht Joer am Comité vun de Süd-Gemengen och d'Iddi lancéiert gehat, fir eng mobil Droge-Struktur ze schafen, déi de ganze Süde vum Land soll ofdecken. D'Iddi wier net direkt verworf ginn - d'Begeeschterung dofir hätt sech awer a Grenze gehalen, esou nach den Escher Buergermeeschter.


De Panorama-Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow