Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flavio Becca: een Deel vun den Auere waren e Kaddo

Prozess géint Promoteur

Flavio Becca: een Deel vun den Auere waren e Kaddo

Suite am Prozess géint de Flavio Becca: de Promoteur steet zanter een Dënschdeg wéinst dem Virworf vun "Abus de biens sociaux" viru Geriicht.

auto_stories

3 min

D'Cité judiciaire an der Stad. Foto: justice.lu

Lauschterenplay_arrow


Wat mécht de Flavio Becca mat 900 Aueren, huet de Riichter Marc Thill de Promoteur de Moie gefrot. Si wieren als Investissement an als Spekulatiounsobjete kaaft ginn, huet de Beschëllegte geäntwert: hien huet vu méigleche Wäertsteigerunge vu bis zu 300 Prozent geschwat.

De Flavio Becca huet zouginn, datt et e Feeler gewiescht wier, seng Entreprisen "no der aler Schoul" benotzt ze hunn, also keng Trennung tëschent Privatem a Firmebesëtz gemaach ze hunn. De Promoteur huet och gesot, datt een Deel vun den Aueren als Kaddoen u Familljemembere gaange wieren.

D'Holding Ikodomos vum Flavio Becca sengem fréiere Geschäftspartner Eric Lux huet sech haut als Niewekläger an dësem Prozess deklaréiert a fuerdert ë.a. eng Entschiedegung fir de Reputatiounsschued.

Affär ass 2010 un d'Rulle komm

Beim Prozessoptakt den Dënschdeg huet de fréieren Enquêteur vun der Kriminalpolice als Zeien ausgesot. D'Tatsaach, datt nom Ufank vun der Enquête bis zur éischter Perquisitioun beim Flavio Becca am September 2011 vill Zäit vergaange war, huet de fréiere Police-Enquêteur ë.a domat erkläert, datt een dem Lëtzebuerger Sport net hätt wëlle schueden. Et hätt e bis nom Tour de France gewaart: eng Course bei där d'Gebridder Frank an Andy Schleck fir dem Flavio Becca seng Equipe "Leopard Trek" um Depart waren.

Dem fréieren Enquêteur vun der Kriminalpolice no wier d'Affär 2010 duerch eng Plainte vun der Steierverwaltung un d'Rulle komm, well déi 842 Aueren - dorënner Rolexen - zum Deel als Fraise fir Kaddoe bei verschiddene vum Flavio Becca sengen Entreprisë verbucht gi wieren.

Bei der éischter Perquisitioun am Septemer 2011 beim Promoteur doheem, hätt e ronn 600 Aueren an engem Raum fonnt, deen e grousse Coffre fort war. De Gros vum Rescht vun den Auere hätt d'Police méi spéit gewise kritt, fir den Inventar dovun ze maachen.

Et hätt e Beweiser fonnt, datt all d'Aueren iwwert d'Bankkonte vun den Entreprisë kaaft gi wieren.

"Ee komplexen Dossier"

De fréiere Police-Enquêteur huet vun engem "komplexen Dossier" geschwat: d'Auere wiere vun iwwer 70 Fournisseure komm, zum groussen Deel aus dem Ausland. D'Fournisseuren zu Paräis oder Knokke z.B., déi vun der PJ kontaktéiert goufen, wieren net kooperativ gewiescht. An op Wonsch vum Flavio Becca sengem Comptabel, wieren d'Facturë fir d'Aueren ouni Prezisiounen ausgestallt ginn, huet de pensionéierte Polizist haut ausgesot.

Hien hätt d'Aueren net fir sech selwer kaaft, mee z.B. fir seng Familljen-Holding, als Investissement fir eng Wäertsteigerung ze realiséieren, esou de Flavio Becca a sengen Äntwerten op d'Froe vum Riichter. Net erënnere konnt de Promoteur sech, ob hie jee Auere mat eegene Sue kaaft huet.

Déi nächst Sitzung am Prozess géint de Flavio Becca ass een Dënschdeg.