Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chromeo - Words With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flavio Becca geet an Appell

Auereprozess

Flavio Becca geet an Appell

Am sougenannten Auereprozess géint de Flavio Becca gouf de Moien d'Urteel an éischter Instanz gesprach: de Geschäftsmann a Sportinvestisseur gouf zu zwee Joer Prisong op Sursis an zu enger Geldstrof vun 250.000 Euro verurteelt. De Sursis ass un d'Konditioune gebonnen, datt de Flavio Becca bannent den nächste fënnef Joer keng weider Infraktioun mécht.

auto_stories

2 min

Flavio Becca (lénks) a säi franséischen Affekot Hervé Temime (riets). Béid waren haut net do. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Der 12. Chambre correctionelle vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg no, ass de Flavio Becca schëlleg tëschent 2004 an 2011 iwwer 800 Aueren am Wäert vun 18 Milliounen Euro iwwer Entreprisë vu sengem Grupp kaaft ze hunn, obwuel dat näischt mat hirem Gesellschaftszweck ze dinn hat.

Auere gi beschlagnaamt

Dem Urteel no ginn 540 vun dësen Auere beschlagnaamt: och 187 Aueren, déi bei de Perquisitiounen net saiséiert gi waren, solle beschlagnaamt ginn. Wann de Flavio Becca deem net nokënnt, da muss hien eng zousätzlech Strof vu ronn 3,7 Milliounen Euro bezuelen, esou haut de Riichter Marc Thill.

Wéinst der Gravitéit vun de Faiten hat de Vertrieder vum Parquet viru sechs Wochen eng Strof vun dräi an engem hallwe Joer Prisong mat méiglechem Sursis fir de Flavio Becca gefrot: mat der Decisioun vun de Moien, huet d'Geriicht also eng manner héich Strof gesprach. Bei der Geldstrof vun 250.000 Euro ass déi 12. Chambre correctionelle der Fuerderung vum Parquet nokomm.

D'Investment-Gesellschaft Ikodomos vum Flavio Becca sengem fréiere Geschäftspartner Eric Lux, kritt als Niewekläger keng Entschiedegung fir Reputatiounsschued: d'Demande wier irrecevabel, esou de Riichter.

Déi schrëftlech Versioun vum Urteel läit nach net vir.

Wéinst de Virwërf vun Ënnerschloe vu Firmeverméigen a wéinst "Blanchiment détention" hat de Flavio Becca am Januar de Prozess gemaach kritt. Dës Affär war am Joer 2010 duerch e Verdacht vun der Steierverwaltung un d'Rulle komm war, well d'Aueren - dorënner Rolexen - zum Deel als Kaddos-Fraise bei den Entreprisë verbucht gi waren.

Becca geet an Appell

Am spéiden Donneschdeg Nomëtten huet den 58 Joer ale Geschäftsmann matdeele gelooss, datt seng Affekoten Arsène Kronshagen an Hervé Temime an Appell géint d'Urteel ginn.