Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fleegesecteur: OGBL an ANIL fuerderen eenheetleche Kollektivvertrag

Aarbechtsconditiounen a Loun

Fleegesecteur: OGBL an ANIL fuerderen eenheetleche Kollektivvertrag

D'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren ANIL an d'Gewerkschaft OGBL deelen d'Fuerderung vum COPAS-President Marc Fischbach no engem eenheetleche Kollektivvertrag fir de Fleege- a Sozialsecteur a fir déi Beschäftegt an de Klinicken.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Myhailo Sagan

Lauschterenplay_arrow

Den duebelgleisege Kollektivvertragssystem mat enger ongläicher Behandlung misst ofgeschaaft ginn, hat de Marc Fischbach verlaangt. Een eenheetleche Kollektivvertrag wier och eng al Fuerderung vum OGBL, seet de Pitt Bach vum Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen. Datt et dozou kéim, wier ganz probabel.

Wat déi konkret Ëmsetzung ugeet, erënnert de Gewerkschaftler un d'Chamberwalen am Oktober. Den OGBL hofft och op konkret Gespréicher dësen Hierscht. D'Haapt-Routlinn dobäi wier, datt bei engem eenzege Kollektivvertrag kee Beschäftegten eppes dierft verléieren.

"Dat géif dann och bedeiten awer, dass eigentlech ëffentlech Gelder missten dran investéiert ginn, dass mer eng finanziell Enveloppe missten deblockéieren, fir dee Projet dann och kënnen ze realiséieren."

ANIL: Upassung ass iwwerfälleg

Déi aktuell FHL- an SAS-Kollektivverträg vereenheetlechen, dat misst elo an Ugrëff geholl ginn, fuerdert och d'Presidentin vun der ANIL Anne-Marie Hanff. E logeschen éischte Schratt wier elo, datt ee géif ausrechne wat déi zousätzlech Enveloppe géif kaschten.

Et géif kee Sënn maachen, datt d'Aarbecht vun enger Infirmière an engem Secteur méi wäert ass, wéi an deem aneren, ënnersträicht d'Presidentin vun der ANIL.

Am ganze ginn et hei am Land eng 6.000 Infirmièren an Infirmieren, esou d'Anne-Marie Hanff. D'ANIL huet ronn 700 Memberen.