Radioen

On air

Espresso Beats  |  Alvvays - Adult Diversion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fleegestrukturen: Impfbereetschaft vun 82 Prozent

Impfcampagne

Fleegestrukturen: Impfbereetschaft vun 82 Prozent

Déi éischt Phas vun der Impfcampagne leit ënner Verzögerunge vun Impfliferanten. Mee bis elo wier e Véierel vun de Bewunner vun Alters- a Fleegeheimer geimpft ginn, esou de Luc Feller. Der Invitatioun fir sech am Impfzenter impfen ze loossen, wieren 48 Prozent vun de Leit nogaangen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D'Impfbereetschaft bei de Bewunner vun Alters- a Fleegeheimer géing bei 82 Prozent leien, esou de Luc Feller, Haut-Commissaire à la Protection nationale an zoustänneg fir den organisatoreschen a logistesche Volet vun der Impfcampagne. Et hätt een dëse Mount bis ewell ee Véierel vun de Bewunner kéinten impfen.

Den Invitatiounen an d'Impfzentrum wieren 48 Prozent vun de Leit nogaangen. Ageluede ware vun Enn Dezember un Personal aus den Alters- a Fleegeheimer, vum CGDIS a weider sanitäert Personal, wat haaptsächlech fräiberufflech schafft.

Am Moment nach keng Informatiounen iwwer d'Klinicken

D'Impfcampagne an de Klinicke läit an de Klinicken hirer Hand, dowéinst kéint ee bis de Schluss vun der Impfcampagne nach keng Statistiken erausginn, esou de Luc Feller. Bis ewell wieren awer all d'Impfdosissen, déi hinnen ugebuede goufen a fir 3.800 Persoune gerechent waren, och verbraucht ginn.

Et wier net auszeschléissen, datt vereenzelt Persounen zwou Invitatioune fir d'Impfe kruten - dëst kéint virkomme bei Klinickepersonal, wann d'IGSS net gesäit, datt déi Persoun an enger Klinik ugestallt wier, erkläert de Luc Feller. Prinzipiell géif eng Persoun an der Datebank awer direkt "blockéiert" ginn, sou bal se geimpft gouf.

Vereenzelt Dosissen u Gesondheetspersonal

Falls Dosissen an de Fleegeheimer iwwreg bliwwe sinn, goufen déi un d'Personal weiderginn.

Am Impfzenter selwer këmmert sech een Apdikter ëm d'Verwaltung vun den Dosissen. Eng Stonn virun der Fermeture vum Zenter gi just nach Impfstoffer der Unzuel vu Patienten am Zenter entspriechend opgemaach. Sollten awer vereenzelt Dosissen iwwreg bleiwen, goufen déi dem Gesondheetspersonal sur place ugebueden, déi och als prioritär Grupp vu Geimpfte géif zielen, esou nach de Luc Feller.