Radioen

On air

Notturno  |  Julie Byrne - Summer Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flexibiliséierung vun der Aarbecht

Digitaliséierung

Flexibiliséierung vun der Aarbecht

Duerch d'Digitaliséierung géif d'Aarbecht engersäits automatiséiert an anerersäits flexibiliséiert ginn, woubäi d'Flexibiliséierung méi staark Auswierkungen zu Lëtzebuerg hätt. Dat goung aus enger Etude ervir, déi den Aarbechtsministère, d'Handels- an d'Salariatskammer zesummen an Optrag ginn haten, an déi rezent presentéiert gouf.

auto_stories

4 min

Well d'lëtzebuergesch Wirtschaft sech duerch en ausgepräägten Déngschtleeschtungssecteur auszeechne géif, wier d'Aarbechtswelt der Etüd no hei am Land méi staark vun der Flexibiliséierung vun der Aarbecht duerch d'Digitaliséierung betraff. Dat heescht engersäits d'Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, an anerersäits vun der Aarbechtsplaz.

Doduerch kéinte verschidde Leit Accès op den Aarbechtsmaart kréien, fir déi et virdru méi schwiereg war, zum Beispill Leit mat enger Behënnerung, esou d'Etüd. D'Flexibiliséierung vun der Aarbecht géif de Salariéen elo schonn zegutt kommen. Zum Beispill kéinten Eltere bei hire kranke Kanner doheem bleiwen, och wa si selwer net krank wieren, esou de President vun der Handelskammer Michel Wurth.

"Als Patron och, wann der wëllt eng Kéier eng Kommissioun maachen empechéiert Iech kee fir eraus ze goen. An esou muss et och si wann eng Kéier en E-mail ass, deen Dir net braucht direkt ze beäntwerten, an esouguer wann e samschdes ass, da kënnt Dir e sonndes moies eng Stonn maachen."

Et misst een an e Modus vivendi erakommen, fir ze kucken, datt et net iwwerdriwwe wier op där enger an op där anerer Säit, präziséiert de Michel Wurth.

Trennung tëscht Privat- a Beruffsliewen

D'Flexibiliséierung vun der Aarbechtsplaz a vun den Aarbechtszäite géif awer och Risike fir d'Salariéë mat sech bréngen, dat geet aus der Etüd ervir. Haut scho wier bal en Drëttel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, ëmmer oder bal ëmmer erreechbar. Doduerch, datt d'Trennung tëschent Privat- a Beruffsliewe manner kloer géif ginn, géife sech och nei Erausfuerderunge fir d'Aarbechtsmedezin stellen. Den Encadrement vun dësen neien Aarbechtskonditiounen dierft net nëmmen iwwer d'Gesetz definéiert ginn, mee och duerch Verhandlungen tëschent de Sozialpartner, respektiv bannent den Entreprisen duerch eng Personaldelegatioun. Op deem Punkt waren den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, de President vun der Chambre des Salariés Jean-Claude Reding an de President vun der Chambre de Commerce Michel Wurth sech eens.

Am Ausland géifen et ewell interessant Pistë ginn, esou de Jean-Claude Reding, zum Beispill an der däitscher Metallindustrie, wou Accorde fonnt gi wieren, beispillsweis bei Bosch oder bei Siemens. Dat géif verschiddene Leit awer vläicht ze wäit goen, esou de Jean-Claude Reding mat Bléck op de Michel Wurth, deen deem zougestëmmt huet, awer net weider drop agaangen ass.

Duerch d'Digitaliséierung an d'Flexibiliséierung vun den Aarbechtsforme kéint der Etüd no och en Trend a Richtung méi Selbststännegkeet entstoen. Den Ament géif d'Regierung d'Leit encouragéieren iwwer Start-Uppen oder aner Formen Entrepreneur oder Independant ze ginn. Doduerch géife sech Froen um Niveau vun der Protection sociale stellen, déi iwwer Gesetzer geregelt misste ginn.

De Statut vum Independant

Eng Erausfuerderung, déi sech der Etüd no duerch dësen Trend a Richtung méi Selbststännegkeet stelle kéint, wier wa vill Independante ganz wéineg géife verdéngen, an deemno och keng oder bal keng Pensioun duerno hätten. Dat hätt dee Moment jo net nëmmen negativ Auswierkunge fir déi concernéiert Persoun, mee och fir de Sozialsystem. Der Etüd no wier dee Risiko den Ament nach relativ kleng, well déi sougenannte Plattformwirtschaft nach net ganz verbreet wier zu Lëtzebuerg.

De Risiko vun der Schäiselbststännegkeet, deen duerch d'Plattformwirtschaft entstoe kéint, géif et awer ewell an anere Beräicher wéi zum Beispill am Kultursecteur zu Lëtzebuerg ginn, esou de Jean-Claude Reding. Dat wiere Leit, déi wirtschaftlech net onofhängeg wieren, déi hir Präisser diktéiert kréichen an deenen hir Aarbecht bewäert géif ginn. Dëst géif an der Plattformekonomie méi grouss Ausmoosse kréien, mee dat géif et dem Jean-Claude Reding no scho méi laang ginn, a wier eng rechtlech Grozon.

Keng konkret Léisungen

Konkret Virschléi, wéi een d'sozial Konsequenze vun der Digitaliséierung am Kontext vun der Flexibiliséierung vun den Aarbechtsformen aarbechtsrechtlech encadréiere kann, gouf et keng. Verschidde Pisten, déi an der Etüd proposéiert goufen, sinn net ugeschwat ginn, zum Beispill d'Reduzéiere vun de Leeschtunge vum Sozialsystem an nei Besteierungsmodeller. Den Nicolas Schmit huet op déi nächst Regierung verwisen.

D'Etüd hätt eigentlech sollen Enn 2017 verëffentlecht ginn, dunn huet et Enn Februar 2018 geheescht. Schlussendlech gouf se fënnef Méint virun de Chamberwahle publizéiert an zwee Deeg nodeems den Aarbechtsministère de Projet Digital Skills Bridge presentéiert huet, deen Entreprisen ënnerstëtze soll, hire Mataarbechter Formatiounen unzebidden, déi si op d'Digitaliséierung preparéieren.