Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Flexibilitéit bei Regierungsbildung vu Virdeel"

Paulette Lenert

"Flexibilitéit bei Regierungsbildung vu Virdeel"

Hir Nominatioun huet bei der LSAP Partei-intern fir Diskussioune gesuergt. D'Paulette Lenert ass net mat an d'Wahle gaangen, iwwerhëlt awer elo fir d'LSAP d'Ministèrë vun der Cooperatioun a vum Konsumenteschutz.

auto_stories

2 min

Als Ministesch fir de Konsumenteschutz wéilt d'Paulette Lenert sech fir d'Sensibilisatioun vun de Konsumenten asetzen an dofir suergen, datt d'Qualitéit stëmmt an d'Norme respektéiert ginn. An der Kooperatioun wéilt si ënner anerem d'Ziler, déi ënner hirem Virgänger a Parteikolleg Romain Schneider festgeluecht goufen, ëmsetzen, esou d'Paulette Lenert.

De Ressort, dee si iwwerholl huet, wier hirer Meenung no net virrangeg gewiescht bei hirer Decisioun, esou nach d'Ministesch. Dat wier och bedéngt duerch hir Aarbecht als Verwaltungsriichterin an dono als Regierungsberoderin am Ministère fir d'Fonction publique. Si géif d'Aarbecht vun den eenzele Ressorten also kennen. Dat hëlt engem wahrscheinlech eng Hemmschwell fir elo deen een oder anere Ressort wierklech als friem ze ëmfannen.

Een "Quereinstieg", deen zu Lëtzebuerg och net onbekannt wier. "Den Nicolas Schmit ass esou an d'Regierung erakomm. De Pierre Gramegna an d'Martine Hansen." Si wier net schockéiert gewiescht, wéi si gefrot gouf, fir Ministesch ze ginn. Fir e klengt Land wier eng gewëss Flexibilitéit bei der Regierungsgestaltung och vu Virdeel. Et kéint een awer och op aner Leit setzen, déi net direkt an d'Chamber gewielt goufen an deenen eng Chance ginn, esou d'Ministesch. De Ressort, dee si iwwerhuele sollt, wier hirer Meenung no net virrangeg gewiescht bei hirer Decisioun, esou nach d'Ministesch.

Hir Nominatioun hat partei-intern fir Diskussioune gesuergt, well d'Zweetgewielt am Osten, Tess Burton, doduerch net an d'Regierung koum. Dat wier keng perséinlech, mee eng prinzipiell Debatt gewiescht, wéi d'LSAP sech erneiere soll.